New Work #2 - Besser schaffen zu Lëtzebuerg
Listen now
Description
Eng grouss Partie vun eisem Liewe verbrénge mer mat schaffen. Och wann et an éischter Linn drëms geet, Suen ze verdéngen, wëllen a sollen d’Salariéen ënnert adequaten Aarbechtskonditioune schaffen, esou d’Nora Back, Präsidentin vun der Chambre des Salariés (CSL). Dofir befreet d’CSL scho säit 2013 an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an der Etüd Quality of Work Index Luxembourg reegelméisseg Salariéen iwwert hir Aarbechtsbedéngungen a Beschäftegungsqualitéit. D’Aussoen iwwert Mobbing, Depressiounen a Suizidgedanke ginn an de leschte Joren opfälleg an d'Luucht, sou de Prof. Dr. Georges Steffgen. Den David Büchel, Aarbechtspsychologue a Conseiller de Direction bei der CSL ënnersträicht, wéi wichteg d’Vertraue vun de Patron*nen hire Salariéë géigeniwwer ass a wéi eng Mesuren all eenzel Entreprise elo scho kann huelen, fir d’Aarbechtsqualitéit ze verbesseren.
More Episodes
Mussen déi Jonk vun haut ëm hir Pensioun fäerten? De Pensiounssystem, dee Lëtzebuerg haut kennt, kënnt vun enger Reform vun 2012. Elo si mer awer an engem neie Moment, wou d'Pensioune reforméiert kéinte ginn – an d’Chambre des salariés setzt sech an, fir se ze stäerken. Um Terrain, ma och a...
Published 10/23/24
Published 10/23/24