Net wierklech schlecht awer och net präisgekréint gutt, eben einfach "Meh"! Villäicht ass d'Zil vun dësem Projet, dass d'facetimes agehale ginn, dat ass bei enger Fernfrëndschaft nämlech guer net esou einfach, villäicht ass et awer och eng gratis Therapiestonn fir d'Queens Cat & Sidsel, déi sech net ëmmer sou royal fillen.
Ma och wann d'Liewe seng Meh-menter huet, ass keen Thema ze "meh" fir et net ze behandelen - An dësem Podcast gëtt, all zweeten Sonndeg, iwwer alles geschwat, ouni Tabu an heiansdo och ouni Punkt a Komma... En auditiivt "Schulterzucken", natierlech mat Kroun uewendrop!
Live vum Medienzentrum Hesper: Ären ergotherapeutesch korrekte Podcast! Wéi op der Schueberfouer, oder fir d'Sidsel, wéi am Tram, geet et ronn. Sëtzt iech nieft an op keen a lass geet et mat adulting fails, Panikattacken an ongefiltertem Chaos. Wärend déi eng Queen Stellungnam zu sengen...
Published 09/21/24
Et ass d’Rentrée vun de royalen Therapiestonnen, déi net vun der Krankekeess gedeckt ginn – Queens of Meh sinn zréck mat enger extended Episod. Wat gehéiert zu der Rentrée dozou? En neien Outfit! Kee Problem fir d’Sidsel, dat zwar aktuell weder Job nach Wunneng huet, ma de Kleeder-Code huet et...
Published 09/07/24