Dësen Apropos ass fir Iech!, 05/07/2018
Listen now
Description
Ech war schonn e bëssen iwwerrascht, wéi ech viru Kuerzem héieren hunn, datt déi meescht Burn-outen net vum Stress op der Aarbecht kommen oder vun deene sëllechen Iwwerstonnen, déi een drummt. De Burn-out entsteet, well een net dofir Merci gesot kritt, well et un d'Dankbarkeet feelt.De Problem ass also, datt engem seng Aarbecht net méi gesi gëtt, datt se net gewierdegt gëtt. Firwat? Vläicht well ee selwer net méi richteg gesi gëtt. Fräi nom Decartes: Ech schaffen, also sinn ech. A ginn och gesinn.Wann ech also op eemol net méi gesi ginn, dann hunn ech e Problem. Well wann ech mech iwwer d'Aarbecht definéieren an déi gëtt net méi gesinn, existéieren ech dann iwwerhaapt nach? Jo, do kann een op eemol villes hannerfroen a sech villes abilden ...Fir dem virzebauen, soll een also heiansdo Merci gesot kréien. E Merci schëtt nämlech Gléckshormoner aus - Serotonin an Dopamin. - Ma, wann et net méi, da kritt Dir elo mol all hei Merci gesot:- Merci deem, dee mir de Moien d'Virfaart gelooss huet.- An deem, dee mech afädele gelooss huet.- Merci deem, dee mech an der Lescht iwwer den Zebrasträife goe gelooss huet.- An deem Buschauffer, deen eng Grëtzchen op mech gewaart huet.- Merci deenen, déi mech stänneg un Termäiner erënneren.- An de Vendeuren hannert der Metzleschthéik, déi mengem Meedchen ëmmer e Rëndelche ginn.- Merci dem Léierpersonal, dat dacks vill Gedold brauch.- An de Staatsbeamten, déi dacks gutt Aarbecht leeschten.- An de Politiker, fir hir déck Haut.- Merci deenen, déi ëmmer frëndlech Moie soen.- An deenen, déi ëmmer mat engem Laachen duerch d'Géigend lafen.- Merci deenen, déi eis op RTL.lu op eng léif a konstruktiv Aart a Weis op e Feeler opmierksam maachen.- A Merci och dësem User fir säi Commentaire a Saachen IRM:.. ech gesinn, dat doten ass erëm typesch Lëtzebuerger! Ëmmer nörgelen. Mat näischt, awer mat näischt zefridde sinn! Bei all News, wou bis haut dran stoung, dass de Staat fir iergendeppes Geld ausgëtt, hu Leit gemeckert, dass een déi Suen och fir IRMe kéint huelen. Elo gi 4 Stéck kaf, dann ass dat och nees net gutt ... Da seet een, et wär e Walkaddo. Oder: Et mussen oppener sinn! Sinn déi Leit mat iergendeppes zefridden oder nörgelen a meckere se och an hirem Alldag un jidderengem an un alles?Jo, et kann ee verstoen, datt et mëttlerweil richteg "Schoule fir Dankbarkeet" gëtt. Do léiert ee Merci ze soen an dankbar ze sinn an ech sinn iwwerzeegt, et ass een duerno och méi zefridden.Apropos zefridden: Merci, datt Dir elo nogelauschtert hutt!
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18