Apropos Liewen op der Iwwerhuelspur, 24/05/2018
Listen now
Description
Mir liewen op der Iwwerhuelspur. Alles muss séier an am beschte mateneen erleedegt ginn. Zäit ass Geld! D’Digitaliséierung, déi alles nach méi séier mécht, erhéicht den Drock op de Mënsch, deen net esou séier kann denken, wéi déi Maschinn, déi hie bedéngt. Fast food, fast track, convenience food, one-stop- oder Power-shopping… des englesch Wieder soen et schonn: et ass eng importéiert Kränkt! Déi ganz Welt dréint méi séier a kee ka se bremsen! A Moies fänkt schonn alles schlecht un – mir lafen der Zäit hannendrun, reegen eis ënnerlech op, iwwer eis selwer oder iwwer d’Situatioun an där mir sinn! Déi Zäit, déi mir am Stau verléieren, kréie mir net méi agefaang, wat weider Damp op de Kessel gëtt. Mir leiden ënnert dem Drock, dee mir eis maachen an dee mir vun eiser Gesellschaft gemaach kréien. A wat ass d’Léisung? Zeréck rudderen, méi lues maachen? Auswanderen? Wann een a wäit Länner reest, ass een dacks jalous iwwer Leit, déi den Dag ouni Auer an an den Dag era liewen? Net wierklech. Mir droen d’Verantwortung fir eis Kanner, hunn en decke Prêt op der Bank zeréck ze bezuelen an deels ass et einfach och nëmmen d’Rad vun der Zäit, wat eis dreift. Eng Aart Sucht, alles ze ginn an alles matenee wëllen ze maachen. Et wëll ee sech net agestoen, dass een dat net fäerdeg bréngt a Feeler si scho guer net erlaabt. Wéi de Camille Gira kommen ech och aus dem Réidener Kanton, an deem seng Gemeng Biekerech e Musterschüler ass fir Liewensqualitéit, gesond Waasser… eng gréng Long, a sech ideal fir erof ze kommen! De fréiere Buergermeeschter kann dovu grad esou wéineg profitéieren, wéi déi sëlleche Leit, déi mir Dag fir Dag an der Zeitung erëm fannen an déi dacks kuerz virun der wuel verdéngter Pensioun eng, wéi mer soen, gewéitscht kruten. Et ass ewéi Moies:  Du gëss ausgebremst op der Iwwerhuelspur vum Liewen ! An dann heescht et jo: “lauschter op Däi Kierper!” Gutt gesot, mee wann dee sech mellt, ass et dacks schonn ze spéit…
More Episodes
Mat deem waarme Wieder, wat mir am Moment hunn, kéint ee schonns bal mengen, mir wiere matzen dran: an der grousser Vakanz. An neen, ech huelen dat elo net als Ophänkert, fir mech iwwert Enseignanten opzereegen. Ech ginn dovunner aus, datt di meescht vun hinne se verdéngt hunn, Erhuelung brauchen...
Published 07/12/18
"Elo kuckt et schonn nees d'Luucht aus!" dat sot mäi Papp fréier dacks wann e mech dobäi erwëscht huet, dass ech gedreemt hunn, aplaz meng Hausaufgaben ze maachen. Mä d'Luucht aus kucken, am Sënn vun an den Himmel kucken, dat hunn d'Leit nawell zu allen Zäite gemaach. Wien zum Beispill den...
Published 07/11/18
Wanderen, dat ass... ee Schratt virun deen anere setzen. A nach eemol, a nach eemol. Stonnelaang, deemno wéi e groussen Tour ee wëllt maachen. Dat ass guer net esou liicht, dat auszehalen. Déi Rou do vrum Bierg mécht eis nervös. Mer sinn dat nit méi gewinnt. Dee Manktem vu permanent neie Reizer,...
Published 07/10/18