"Les fleurs du mâle" vum Claude Schmit, 04/06/2022 10:00
Listen now
Description
"Quand est-ce qu'un homme est un homme?" Gender an Identitéit sinn déi zentral Themen am Claude Schmit sengem Krimi. De Juan Santillana, Polizist am éischter problemateschen Département Seine Saint Denis am Norde vu Paräis, versteet d'Welt net méi. Säi Jong René fillt sech an der männlecher Roll net wuel an huet decidéiert eng Fra ze ginn. Fir de Papp, dee seng eegen Opfaassung vu Männlechkeet huet, ass dat eng puer Provokatioun. Iwwerdeems geschitt e Mord un engem Opernsänger. D'Affer war e Konter-Tenor, eng aussergewéinlech héich Stëmmlag fir e männleche Sänger. Am Verlaf vun der Enquête léiert den Aldo Mazzola, Aarbechtskolleg a Frënd vum Juan Santillana, ëmmer méi d'Schéinheet vum Gesang z'appreciéieren an entwéckelt sech zu engem regelrechte Musek-Fanatiker. Ganz verschidden Approchen a ganz verschidden Opfaassunge vu Männlechkeet, déi den Auteur Claude Schmit hei beschreift. De Schrëftsteller, pensionéierte Philosphiesprof a fréieren Theatermënsch Claude Schmit beschäftegt sech a senge Romaner dacks mat gesellschaftlechen Themen déi e probéiert aus verschiddene Perspektiven ze beliichten. Dobäi ginn et Ënnerscheeder awer och Paralellen tëscht dem Schreiwen an dem Theater. Am Interview verréit de Claude Schmit wéi seng Theateraarbecht säi Schreiwe beaflosst huet, et geet awer och ëm Männlechkeet an Identitéit an d'Faszinatioun vun der mënschlecher Stëmm. "Les fleurs du mâle" vum Claude Schmit ass bei den éditions Phi erauskomm "Les fleurs du mâle" vum Claude Schmit ass bei den éditions Phi erauskomm Am Kader vun der CNL Liesrees ass hien en Dënschdeg 7te Juni um 19h00 am Kulturhaus zu Nidderaanwen op Besuch. Ënnert dem Titel "Wéi am Theater?" liesen de Jean-Paul Maes, de Claude Schmit an de Jemp Schuster aus hiere Wierker. Den Entrée as fräi, et soll een sech awer umellen per Mail op [email protected]
More Episodes
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten. Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem...
Published 11/11/24
D'USA an 10 Bicher Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.  D’Resultat ass e Podcast an deem ganz...
Published 11/05/24
Published 11/05/24