Description
Am neitsten Episod vun eisem literaresche Podcast "Lecture vun heiheem" si mir dës Kéier ganz "Zen".
"Rêves d'un mangeur de kakis", den éischte Gedichtband vum Robert Weis ass nämlech vun der japanescher Philosophie inspiréiert.
Och wann dem Robert Weis deng Gedichter streng gehol, keng Haikue sinn, ass hien awer faszinéiert vun dëser Gedichtform, a vu Japan, an e war och schonn e puer mol do. An Interview erzielt hien wéi hie seng Léift fir d'Natur an d'Freed um Schreiwen mateneen kombinéiert. An hie verrréit wou hien seng Inspiratioun fënnt - sief et a japanesche Gäert, op enger Wanderung an den Alpen oder op engem Trëppeltour duerch de Minett.
"Rêves d'un mangeur de kakis" vum Robert Weis ass bei Michikusa Publishing erauskomm
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand
An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.
Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem...
Published 11/11/24
D'USA an 10 Bicher
Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.
D’Resultat ass e Podcast an deem ganz...
Published 11/05/24