Description
Et erfuerdert Courage fir de virgezeechente Wee ze verloossen.
"Nous venons tous de l'agriculture; l'homme est enfant de la terre. La terre est la patrie de l'humanité."
An eiser Lecture vun heiheem geet et haut ëm de Roman "Au-delà des racines" vun der Nelly Lecomte, erauskomm am Verlag "Le Lys Bleu".
Dat jonkt Amélie wiisst op engem Bauerenhaff an den Ardennen op. Dass mir et an dësem Roman awer net mat enger idealiséierter Versioun vum Landliewen ze di kréien, gëtt direkt op der éischter Säit däitlech, wéi d'Amélie erausfënnt, dass seng Bomi d'Kaz doutgemaach huet, wuel well de Puss zevill Appetitt op d'Hénger hat.
Dem Amélie säi Lieweswee schéngt virgezeechent ze sinn: e Bauerejong aus dem selwechten Duerf bestueden fir dass d'Lännereie kënnen zesummegeluecht ginn, a sech fir de Rescht vu séngem Liewen ëm d'Famill an ëm den Haff bekëmmeren. Mä déi jonk Fra huet aner Iddien, plënnert an d'Groussstad a verbréngt och e puer Joer an Afrika. D'Nelly Lecomte beliicht an dësem Entwécklungsroman déi sëllechen Erausfuerderungen déi op hir Protagonistin waarden.
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand
An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.
Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem...
Published 11/11/24
D'USA an 10 Bicher
Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.
D’Resultat ass e Podcast an deem ganz...
Published 11/05/24