Bulimie ass dacks nach ëmmer en Tabuthema. Dobäi ass déi Iessstéierung, déi meeschtens Meedercher a jonk Frae betrëfft, alles anescht wéi harmlos.
An hirem Buch mat dem bewosst provokativen Titel "Zum Kotzen schön" erzielt d'Renée Reding vum Lisa, engem Meedchen vu 14 Joer, dat mat de Verännerungen déi säi Kierper an der Pubertéit duerchleeft, net eens gëtt. Hat fënnt sech ze déck a beschléisst ofzehuelen. Mä säi Plang geréit ausser Kontroll a vun do un bestëmmt d'Wo säin Alldag. Kalorien zielen gëtt zu enger Obsessioun, an de Sport, dee bis elo e schéinen Hobby war, gëtt zu engem Mëttel fir déi verhaasste Kalorien ze verbrennen. D'Lisa belitt seng Frënn, seng Famill a virun allem sech selwer. Sou laang bis et seng Ligen net méi oprecht erhale kann.
Am Interview erzielt d'Renée Reding wat si dozou bewegt huet, dëst Thema opzegräifen a firwat et esou wichteg ass doriwwer ze schwätzen.
"Zum Kotzen schön - Eine Geschichte über Bulimie und Freundschaft" vun der Renée Reding ass am Selbstverlag erauskomm. D'Autorin ka fir Liesungen iwwer d'Mailadress
[email protected] kontaktéiert ginn.