"Kappgras" en Erzielwierk vum Nico Helminger, 20/03/2024
Listen now
Description
Wouerecht oder Liggen? Realitéit oder Illusioun? E Mann erwächt aus dem Koma a ka sech un näischt méi erënneren. No an no probéiert hien d'Puzzlestécker vu sengem Liewen nees zesummenzesetzen a mécht dobäi onerwaarten Entdeckungen. Seng Kandheet an engem verruffene Quartier, seng Fra mat der iergend eppes net stëmmt, seng Aarbecht an enger Zeitungsredaktioun a kromm Geschäfter déi e besser gehat hätt einfach ze ignoréieren...an d'Fro wéi en eigentlech an déi Situatioun komm ass an der en sech elo erëmfënnt. Ass en einfach esou an de Koma gefall...oder iere gestouss ginn? A sengem Erzielwierk "Kappgras" féiert den Nico Helminger säi Protagonist (an domat och de Lieser) an e Labyrinth aus Wouerechten an Hallefwouerechten, aus Fakten an Illusiounen. Et kritt een e Feeling vu "Film noir", dat duerch déi vill cinematografesch Referenzen nach verstäerkt gëtt. Am Interview verréit den Nico Helminger awer och, wat säin Alter Ego Tomas Bjørnstad als nächst geplangt huet. "Kappgras" vum Nico Helminger ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm
More Episodes
"Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten. Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem...
Published 11/11/24
D'USA an 10 Bicher Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren.  D’Resultat ass e Podcast an deem ganz...
Published 11/05/24
Published 11/05/24