Description
Et ginn net all ze vill Leit zu Lëtzebuerg déi nach näischt vum Tommy Schlesser héieren hunn. Zënter sengem Debut als professionelle Schauspiller an der Sitcom "Comeback" (2012) huet säi Wee hien an international Produktioune queesch duerch d'Welt gefouert.
Mee wéi huet alles beim Tommy ugefaang? Als Kand huet hie schonn mat sengem Brudder (eisen Host, Émile V. Schlesser) éischt Filmer gemaach. Déi si schliisslech ëmmer méi grouss an éiergäizeg ginn, bis de Wonsch säi Liewen dëser Passioun ze widmen, net méi ze ennerdrécke war.
Den Tommy erzielt eis wéi schwéier et heiansdo ass als Schauspiller d'Familljeliewen an de Beruff ënnert een Hutt ze bréngen; wéi hie virun engem Dréi zum "Rodeo-Stéier" gëtt; a wat mengt den Tommy eigentlech, wann hie seet hie wier "am Tunnel"?
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Den Andy ass ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Kino, déi di siwent Konscht an eis klengt Land bruecht hunn. Ufanks den 80er Joren, wéi d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg nëmmen aus e puer Gecke wéi him bestanen huet, huet hien seng éischt Filmer gedréint – mat nëmme wéineg Mëttelen, mee ëmsou méi...
Published 11/08/24
Elo op RTL PLAY!E Podcast iwwer d'Léift zum Film, a wéi e gemaach gëtt. All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, a poteren iwwert d‘Konscht an de Beruff vum Filmemaachen. Den Émile V. Schlesser an de Fabien Colas wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set...
Published 11/06/24