Description
Den 20. November 2010 bréngen véier Persounen e 65 Joer ale pensionéierten Aarbechter zu Haler ëm. E plausibelt Motiv kënnen déi 4 net uginn.
Et geet an dëser Affär ëm komplizéiert Familljeverhältnisser mat regelméissege Spannungen. Besonnesch tragesch ass d’Tatsaach, dass e klenge Bouf vun dräi Joer, deen am Stot gelieft huet, Zeie vun der Gewaltwell gouf, déi sengem “Bopa” zum Verhängnis ginn ass.
Am Januar 2002 brécht fir eng 500 Bréifdréier eng Welt zesummen. De Jos Nickts huet mat hire Sue spekuléiert a sech selwer fir privat Zwecker zerwéiert.
De Mann, ëm deen et geet, heescht Jos Nickts. Hie war vun 1986 bis ugangs 2002 President vun der Bréifdréiesch-Gewerkschaft an huet an deem...
Published 01/22/17
En ausgebrannten Auto an enger verloossener Strooss am franséische Grenzgebitt, den Ausgangspunkt vun enger ongewéinlecher Kriminalgeschicht am Summer 2006.
An der Mall vum Auto läit eng verkuelte Läich, an eng Kugel aus enger Pistoul.
D’Gefier huet Lëtzebuerger Placken an de Proprietaire vum...
Published 11/13/16