DNA
Vergëft ... Agemauert ... Den Hummermann (2012), 09/12/2012 19:00
Listen now
Description
Zwee ongeléisten an ee geléistene Fall an dëser Emissioun. Am Mäerz 1984 kritt e klenge Bouf an engem Appartement um Houwald nom Iessen Hieftabletten géint den Duerchfall. Kuerz drop mécht de Béifche Krämp. D'Eltere ruffen den 112 an d'Kand gëtt an Kannerklinik ageliwwert. Zwee Deeg drop ass de Philippe - 22 Méint jonk- dout. D'Doudesursaach ass Strychnin, e Rategëft. 18 Méint méi spéit gëtt en 42 Joer alen Elektrikergesell dout an enger drëchegeluechter Zetär an der Annexe vun sengem eegenen Haus zu Gaasperech fonnt. De Mann war agemauert ginn. D’Doudesursach ass net bekannt. Mä et gi Spuere vu Strychnin a sengem Blut fonnt. Am Joer 2008 ginn an der Péitruss Strummerten op brutaalst Aart a Weis agresséiert an ëmbruecht. Wee stécht hannert dem Hummermann?
More Episodes
Am Januar 2002 brécht fir eng 500 Bréifdréier eng Welt zesummen. De Jos Nickts huet mat hire Sue spekuléiert a sech selwer fir privat Zwecker zerwéiert. De Mann, ëm deen et geet, heescht Jos Nickts. Hie war vun 1986 bis ugangs 2002 President vun der Bréifdréiesch-Gewerkschaft an huet an deem...
Published 01/22/17
Published 01/22/17
En ausgebrannten Auto an enger verloossener Strooss am franséische Grenzgebitt, den Ausgangspunkt vun enger ongewéinlecher Kriminalgeschicht am Summer 2006. An der Mall vum Auto läit eng verkuelte Läich, an eng Kugel aus enger Pistoul. D’Gefier huet Lëtzebuerger Placken an de Proprietaire vum...
Published 11/13/16