Description
Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!!
Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen.New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach.
Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren...
Published 07/25/24
De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus?
Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen?
A wien ass dee feméise Mënsch, deen e...
Published 07/01/24