STAFFEL 4 Ep.67: 'Du bass ee Schäiss'
Listen now
Description
Mir sinn zréck aus der Summerpaus a sprange mat enger Mëschung aus Motivatioun an Existenzangscht an déi nei Staffel vun eisem kléngen Zigeiner-Podcast. Mir maachen den Debrief vum Erklär&Live, erklären fachmännesch d'Vir- an Nodeeler vun der Marche blanche, an drénken e gesond Glas Kokain mat Drëpp. Ah, schéin nees do ze sinn.
More Episodes
Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren...
Published 07/25/24
Published 07/25/24
De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus? Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen? A wien ass dee feméise Mënsch, deen e...
Published 07/01/24