Episodes
Den zweeten Challenge vun Generation Art stoung ënnert dem Motto "Ech gesi rout". Wat d'Kandidate sech wuel afale gelooss hunn? Dës Woch hu se net nëmmen hir fix Jury, mä och hire Gaaschtjuror Marc Wilwert vun hirem potential missten iwwerzeegen.
Published 02/11/17
Déi 12 Kandidate vun Generation Art hu sech missten hirem éischten Challenge stellen: Autoportrait. Wéi si si dermatt eens ginn?
Published 02/04/17
Am éischten Episod vun der neier Saison Generation Art, léiert dir déi 12 Kandidate kennen, déi dës Kéier alleguerte Fotografe sinn! Dës Saison dréint sech bei Generation Art nämlech alles ronderëm d'Fotografie ... um Enn bleiwen 3 Finalisten iwwereg, déi eng Expo an de Rotondes gewannen an domatt d'Chance kréien, de grousse Gewënner vun dëser 3. Editioun ze ginn.
Published 01/28/17
Generation Art - Photo Edition, dat sinn 12 Fotografen, 8 Challengen, 3 Finalisten an 1 grousse Gewënner!
Published 01/16/17
Den 28. Januar geet Generation Art an déi 3. Staffel. Dës Kéier dréint sech alles ëm d'Fotografie. Hei kritt der e klengen Abléck!
Published 01/05/17