Episodes
De Franzous schwätzt vun 'bouche-à-oreille' an déi Däitsch vu 'Mund-zu-Mund-Propaganda'. Elo geet et nees eng Stonn ëm Couloirsgespréicher wou awer meeschtens e Fonken Wourecht drun ass. Déi heiten 5 héieren d'Fléi néitschen an d'Gras wuessen, a wat si déi lescht 2 Wochen opgeschnaapt hunn zerwéieren se Iech bis Mëtteg. Mat um Dësch den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Christiane Kremer.
Published 07/09/23
T'Zopp gëtt ni sou waarm giess, wéi se gekacht gëtt. A wien sech wat agebrockt huet, an wien wat ausläffele muss héiere mer dës Stonn.
2 Wochen no de Gemengewalen an 3 Wochen virun der grousser Vakanz gëtt elo Rapport gemaach, awer och no vir gekuckt. An der Ronn sëtzen haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Marie Gales.
Published 06/25/23
Bis op e puer Gemengen sinn se haut am ganze Land opgeruff fir bei d'Urn ze goen. Nom grousse Casting déi lescht Wochen, ginn elo vum Wieler Neel mat Käpp gemaach, an op Mammendag ginn nei Gemengemammen a -pappen gesicht. Déi heiten 5 wëlle sech d'Fanger net verbrennen an hale sech kleng, wann et ëm de Walzirkus geet. Et gëtt nach genuch ze beschwätzen, wat déi lescht 3 Wochen net ronn gelaf ass. D'Käpp beieneen strecken haut den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp, Gérard Valerius an...
Published 06/11/23
An dräi Wochen kréien d'Politiker Zensuren vun de Bierger. Hei bei hinnen an der Ronn gëtt et all zwou Wochen Notten. Mol méi, mol manner gutt, gëtt dann hei iwwer déi Dichteg a Wichteg geschwat, a sech d'Fro gestallt wéi et souwäit komme konnt. Ronderëm den Dësch, fir iwwer d'Leit hier ze falen, sëtzen beim Christiane Kremer de Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an den Tony Tintinger.
Published 05/21/23
Elo ass et nees Zäit fir tëschent den Zeilen ze liesen. A 14 Deeg huet sech genuch ugesammelt, an dat gëllt et opzeschaffen, ze diskutéieren an ad acta ze leeën. Vill knaschteg Wäsch gëtt nees gewäsch vum Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Marie Gales.
Published 05/07/23
5 Temperamenter stoussen elo nees openeen fir d'Aktualitéit vun de leschten 3 Wochen ze diskutéieren an ze kommentéieren. Si iwwerfléien awer net just d'Haaptiwwerschrëften vun deem wat national an international geschitt ass, si huelen d'Lupp eraus an halen de Fanger drop, wou eppes net ganz sou gelaf ass wéi et hätt sollten. Beim Christiane Kremer sinn haut den Al Ginter, David Winter, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
Published 04/23/23
Si halen d'Aen op, a maachen de Mond net zou wann hinnen eppes net passt. Si richen op honnert Meter wann d'Lompen sténken, a sinn och net frou wann eng Geschicht en ellene Bäigeschmaach huet. Si paken all Dossier un, wann och net ëmmer mat vill Fangerspëtzegefill. Beim Christiane Kremer geet et elo nees vun der Long op d'Zong mam Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
Published 04/02/23
D'Ekipp vum 5 vir 12 huet net just déi ganz Bretzel eragefeiert, ma sech och d'Aktualitéit vun de leschten 2 Woche gepléckt. Ausgelooss hu sech beim Christiane Kremer de Gérard Valerius, Lucien Czuga, Pascal Becker an Al Ginter.
Published 03/19/23
D'Wochen 7, 8 an 9 ginn elo wärend enger Stonn genee analyséiert a kommentéiert. Mat Kapp, Häerz a Bauch ginn elo déi verschiddenst Highlighte vun deenen 21 Deeg erausgepickt an t'gëtt mam Fanger drop gewisen. Wat ass hinnen an d'A gesprongen oder wat huet sech wéi en Ouerewuerm an hirem Ouer festgebass, dat verroden eis elo den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp an Gérard Valerius beim Christiane Kremer.
Published 03/05/23
Meeschtens geet et héich hier wann 5 komplett ënnerschiddlech Temperamenter wéi si openeen stoussen fir d'Wochenaktualitéit vun de leschten 14 Deeg ze zerplécken. D'Politiker, d'Wirtschaft an de Showbiz hunn si net am Stach gelooss a vill Fudder geliwwert, sou dass se bis Mëtteg genuch ze beschwätzen hunn. A wat se alles an de Medien opgeschnaapt hunn dat diskutéieren beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Lucien Czuga.
Published 02/12/23
Et gëtt Leit déi aus enger Méck en Elefant maachen oder d'Fléi néitschen héieren. Si hei hale sech penibel genee un d'Fakten. Mat Iwwerdreiwungen a béiswëllege Remarken wëlle si net a Verbindung bruecht ginn, awer si hale sech och net bedeckt wann d'Lompen sténken an eppes aus dem Gläichgewiicht geroden ass. Beim Christiane Kremer sinn haut den Al Ginter, Pascal Becker, Jacques Kapp an de Gérard Valerius.
Published 01/29/23
D'Joer ass knapps un a schonn hänkt den Seegen bei de Parteien schif. Am Superwaljoer wäerten wuer nach vill spatz Remarken wéi Feiler hin an hier geschoss ginn. Ma net just d'Tribün wou Politik gemaach gëtt, ma och all déi aner Bünen hunn schonn e puer schéin a manner schéin Momenter erlieft. Beim Christiane Kremer, Al Ginter, David Winter, Lucien Czuga a Gérard Valerius kënnt elo nees alles op d'Tapéit, aus den éischten 2 Wochen vum neie Joer, a gëtt analyséiert, kommentéiert an dramatiséiert.
Published 01/15/23
Um éischten Dag vum neie Joer kann een zréckkucken op all dat Schéint, dat Lëschtegt, dat Emouvant awer och dat Trauregt dat 2022 bruecht huet. Wat war top a wat éischter flopp. 365 Deeg resuméiert an enger Stonn. 12 Méint mat haut 6 Leit am Studio. Beim Christiane Kremer erënnere sech den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius a kucken awer och schonn no vir op dat, wat 2023 bereet hält.
Published 01/01/23
Wa se an der Chamber och schonn mat sou Ausdréck wéi "ënnert aller Sau" oder "Topert" ronderëm sech geheien, dann geet et bei hinnen 5 méi gedam zou. Sie fannen meeschtens déi richteg Wieder, hunn dat néidegt Fangerspëtzegefill, an hir Analysen bréngen d'Saach op de Punkt. Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
Published 12/18/22
Si sinn zanter ville Joren fir hiert Fangerspëtzegefill bekannt. Si bauschen näischt grouss op mä entschäerfen éischter all Situatioun. Heiansdo sinn se hirer Zäit viraus, awer meeschtens hippen se de Saachen hannendrun, well hier Aarbecht ass et, d'Weltpolitik, awer och déi vill lokal Geschichten z'analyséieren an z'interpretéieren, fir dass een all dat, wat spéider an de Geschichtsbicher steet, besser versteet. Ronderëm den Dësch beim Christiane Kremer sëtzen den Al Ginter, Jacques Kapp,...
Published 12/04/22
Zu hirer 5 paken se elo nees de Réckspigel an d'Spektiv aus, well bis Mëtteg kucke se an déi jéngst Vergaangenheet, awer och d'Zukunft interesséiert si ferm. Wien ass hinnen - wann ee sou wëll - an de Frack getrëppelt, a wiem trëppele si op d'Féiss, well en sech net ganz no de Reegelen vun der Konscht beholl huet? Oder aneschter gesot, wien gëtt geliked a wou weist den Daum no ënnen? Bis Mëtteg wäerte mer et wëssen. Beim Christiane Kremer sinn et den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an...
Published 11/20/22
Beim Jules Verne goung et nach an 80 Deeg ronderëm d'Welt, si hei sinn zu hirer 5 an packen den Tour an ronn enger Stonn ze maachen. Bekannten Nimm déi sech dernieft beholl hunn, an Leit déi duerch ee Moment bekannt ginn sinn. Hei kënnt alles nach emol op d'Tapéit an gëtt frësch opgekacht fir sech all Moment nach emol genësserlech op der Zong zergoen ze loossen. Déi mat de spatzen Zongen sinn haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker an d'Christiane Kremer.
Published 11/06/22
An de Krisen gëtt sech op déi mat de breede Schëlleren verlooss. Hei kommen elo déi mam grousse Mondwierk. Si kennen eng Léisung fir all Problem, kommen ouni Ëmweeër op de Punkt an och am déckste Niwwel fanne si en Auswee. Dovunner kënnt der Iech elo eng Stonn iwwerzeegen mam Marie Gales, Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
Published 10/23/22
Vun Hippches op Hapches, vum Honnertstel an d'Dausendstel an ëm Gott an d'Welt geet et elo nees. Hei gëtt et lokal, regional, national an international Aktualitéit, alles frësch zerwéiert an opgeschafft ouni Netz an duebele Buedem. Duercherneen geréiert an opgedëscht vum Marie Gales, Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
Published 10/09/22
Gutt ausgerout kënne se elo nees duerfueren. D'Aktualitéit huet net geschlof a vill Geschichten vun Heiheem an Dobaussen waarden drop am Detail analyséiert an kommentéiert ze ginn. Déi 9 Wochen sinn hinnen bestëmmt laang virkomm, wou se sech hu missten zréckhalen fir hiert Gëft ze versprëtzen, an dofir mussen sech der elo vill drop gefaasst halen fir nodréiglech an der Loft zerrappt ze ginn.
Mat um Dill beim Marie Gales den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
Published 09/25/22
Sie verdeelen all 14 Deeg Zensuren, an soen wien Top a wien Flopp ass. Wien huet sech net un Spillreegelen gehalen, wien ass negativ opgefall a wien ass iwwer d'Ziel erausgeschoss. E klengen Austausch un Informatiounen mat enger Messerspëtzt Sarkasmus a bëssegen Remarquen liwwere sech den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an David Winter beim Christiane Kremer.
Published 07/10/22
Zu hirer 5 sinn se elo nees déck do. An och wann se sech net ëmmer eens sinn, zéie se un engem Strang. Hier Missioun ass et d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen ze beliichten an an dat richteg Liicht ze stellen. Wou louch d'Kromm an der Heck, wou ass eppes net ronn gelaf a wou konnt een einfach nach just de Kapp rëselen. Dat diskutéieren d'Christiane Kremer, den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.
Published 06/26/22
Si hu keng gutt an der Kopp, a wou eppes ze mellen ass do hale si de Fanger drop. Wien déi lescht 14 Deeg desagreabel opgefall ass, do wou eppes net normal gelaf ass, wou eng Decisioun geholl gouf déi et net bréngt ass Fudder fir déi heiten 5. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
Published 06/12/22
Déi hei 5 loossen sech keen "i" fir en "u" virmaachen. Zu hirer 5 schloen si Alarm wann eppes net richteg leeft, an och déi lescht 2 Wochen hu si nees méi wéi eng negativ Feststellung gemaach.
Op hei am Land oder iwwer d'Grenzen eraus ass nees net alles wéi op Rouletten gelaf. 1 Stonn laang kommentéieren se elo nees op hir Manéier d'Aktualitéit vun 14 Deeg a beweisen hiert Wëssen an alle Beräicher. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker a Lucien Czuga.
Published 05/29/22
Sou laang d'Welt sech dréit, sou laang kommen och ëmmer nees konterbosseg Geschichten vir. Mir brauchen dofir heiansdo net weit ze kucken, mä kënnen virun eiser eegener Hausdier kieren. A wéi Trüffelschwäin hunn si nees déi lescht 2 Wochen e puer Storyen opgeschnaapt déi et derwäert sinn. Fir de Kapp ze rëselen, sinn beim Christiane Kremer den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
Published 05/15/22