Description
D'Wale fir d'EU-Parlament de 9. Juni sinn déi lescht vun de Superwaljoren 2023-2024. Och wann d'Europäesch Unioun dacks wäit ewech schéngt, sou ass se an eisem Alldag ganz present. Schonn eleng dowéinst ass et derwäert, sech fir déi Walen z'intresséieren, mengt d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.
Duerch d’Kris bei der Caritas a bei der ONG "Solidarité syndicale" vum OGBL huet de ganze Secteur schwéier gelidden. An dëser Carte blanche ginn e puer Weeër opgezielt, wéi een deene villen Organisatioune kéint hëllefen, fir datt se weider hier schwiereg a wichteg humanitär Aufgab kënnen...
Published 11/22/24
Mir sinn all Dag enger Onmass vun net visibelen an net gräifbaren externen Aflëss ausgesat - vun der Loftverschmotzung iwwer elektromagnéitesch Strale bis hin zu kënschtlechen Zousätz a Liewensmëttel an dem Kontakt mat verstoppten toxesche Substanzen. Wéi solle mer heimat ëmgoen?
Published 11/20/24