Handball: Virschau op de Final Four, 23/02/2016
Listen now
Description
An der éischter Halleffinall muer vun Hallwer 7 un ass Käerjeng de grousse Favorit géint den Noper Péiteng.Ufank Februar hunn di 2 géint eneen gespillt. De Coupeverdeedeger Käerjeng huet méi wéi däitlech mat 41-25 gewonnen.Den HB Käerjeng huet e ganz gudde Laf mä e wichtege Mann feelt. De italiener Francesco Volpi huet sech nämlech d’Hand gebrach. Am Aller-Match mat 11 Goaler ze wannen an de Retourmatch mat 16 Goaler d’Iwwerhand behalen;  kann ee sech sech als Käerjenger iwwerhaapt virstellen datt et kinnt schiif goen; den Tom Meis.CUTAls Péitenger kann een ouni Drock an dës Halleffinall goen. Et wier eng riisen Iwwerraschung wann den HB Péiteng e Samschdeg fir d’Finale an der  Coque géif oplafen.De Ben Weibel ass zimlech zen virun dëser Parti.Seng Equipe huet sech fir den Titel Play-Off qualifizéiert, zwar als 6. a leschten, mä awer an ass am Final Four an dat fir d’éischt an der Veräinsgeschicht. Bis elo Mission Accomplie deemno.CUTUm Hallwer 9 muer kënnt et zum vill erwaarten Duell Handball Esch géint di Déifferdenger Red Boys.D’Red Boys sinn de Leader a hu phaseweis immens iwwerzeegt dës Saison ënner anerem bei den 2 Partien géint Esch. Di nei Leit  déi engagéiert goufen hunn d’Equipe ganz gutt verstäerkt; et sinn dat de Marin Knez an den Senjin Kratovic. De Kratovic wees dat seng Formatioun an engem gudden Dag ganz schwéier ze klappen ass.CUTDe beschte Déifferdenger Buteur ass den Yann Hoffmann. Wann hien inspiréiert ass dann ass hien bal net ze bremsen.D’Red Boys haten 1989 fir d’leschte Kéier d’Coupe gewonnen. Di rout vun Déifferdenger géifen sech besonnesch freeën wann si am Joer vun hirem 75 Jubiläum en Titel géife mat op Déifferdeng huelen. D’Red Boys konnten di lescht 2 Wochen e bësse raschten wat beim Handball Esch net de Fall war.Di Escher hu Coupe d’Europe gespillt a goufen géint d’Hollänner vun Aalsmeer an den Aachtelfinalen vum Challenge Cup eliminéiert. Trotz den Defaiten mat 4 respektiv 3 Goaler haten si phaseweis gutt gespillt. Et hat allerdéngs iwwer 60 Minutten d’Konstanz gefeelt, den Dany Scholten a Kollegen hu sech no der Eliminatioun aus dem Challenge Cup direkt op d’Halleffinale konzentréiert.CUTOch wa si net esou eng grouss Paus haten wéi di Déifferdenger wäerten di Escher sécher genuch Ressourcen hunn fir den Déifferdénger alles ofzeverlaangen.Am Prinzip gëtt et den Owend e ganz ganz intensive Match wou wahrscheinlech bei enger waarmer Ambiance wäert gespillt ginn.
More Episodes
De leschte Week-end waren bei Dammen an Hären d’Coupevéierelsfinallen. Bei den Dammen ass de Coupeverdeedeger eraus, bei den Hären gouf et keng richteg Iwwerraschung mee et et gouf eng Revelatoun.Virwëtzeg?D’Explikatiounen elo am 7 Meter mat Gilles Tricca a Serge Olmo…
Published 12/03/19
Published 12/03/19
De leschte Week-end waren bei Dammen an Hären d’Coupevéierelsfinallen. Bei den Dammen ass de Coupeverdeedeger eraus, bei den Hären gouf et keng richteg Iwwerraschung mee et et gouf eng Revelatoun.Virwëtzeg?D’Explikatiounen elo am 7 Meter mat Gilles Tricca a Serge Olmo…
Published 12/03/19