Episod 1: Minett Mash-Up - De Podcast!
Listen now
Description
Häerzlech wëllkomm zum Minett Mash-Up - de Podcast! An dëser éischter teaser Emissioun stelle mir eis fir, verroden méi iwwert de Podcast an wat iech erwaart.  Eis Minett Location vum Mount  Giele Botter, Differdange, Mine 1965 (Google Maps: 49°32'29.3"N 5°52'39.3"E)   Extra Infoen iwwer de Giele Botter:   https://environnement.public.lu/fr/publications/conserv_nature/Sentiers_Prenzebierg_-_Giele_Botter.html https://environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/sentiers-nature/sud/prenzebierg_-_giele_botter_petange_niedercorn.html  wwww.visitminett.lu/en/what-to-do/hiking-walking/fiche/walking/discovery-trail-prenzebierg-giele-botter   www.minettpark.lu/eng/activites/16_the-giele-botter   D’ Mine Schlammefeld  Wéi d’ Mine fréier ausgesinn huet: https://rail.lu/mineschlammefeld.html    Iwwert eis:  Minett UNESCO Biosphere   D'Minett UNESCO Biosphärreservat besteet aus der ganzer Regioun vum Minett souwéi alles wat et enthält. Sief datt déi natierlech Lanscapes, d'Leit, déi natierlech Flora a Fauna oder den industrielle Patrimoine. Zesumme mat hire ville Partner am Süden ass et de Syndikat PRO-SUD dee den verantwortlech ass fir d'Biosphär ze managen. Duerch d'Organisatioun vun Projeten mat regional Bierger Bedeelegung, Sensibilisatiounsaarbecht a Fuerschung, wäert d’nohalteg Entwécklung an d’Harmonie tëschent Mensch a Natur am Minett gefërdert.  Websäit: minett-biosphere.com Musée vun der Arbecht – MUAR   De MUAR – Musée vun der Aarbecht ass eng Initiativ vun der Gemeng Käl am Kader vun „Esch 2022 – Europäesch Kulturhaaptstad“. De MUAR ass deen éischte Musée zum Thema Aarbecht zu Lëtzebuerg, deen als Musée ouni Maueren dem Visiteur d’Méiglechkeet gëtt d’Welt vun der Aarbecht, iwwer verschidde Manifestatiounen, wéi Seminären, Konferenzen, Concerten an informativ Workshoppen, aus verschiddene Bléckwénkelen ze entdecken. Mat dësem Projet soll den industriellen a kulturelle Patrimoine aus der Minettregioun komplétéiert ginn. Websäit: www.muar.lu Instagram: @schungfabrik Facebook: @SchungfabrikTetange Industriekultur-CNCI asbl   Industriekultur-CNCI asbl (Centre national de la culture industrielle) sëtzt sech an fir d’Industriekultur an den Industriepatrimoine zu Lëtzebuerg. E vun hiren Haaptziler ass et e kooperative Reseau opzebaue mat de Muséeën a Associatiounen déi am Beräich vun der Industriekultur aktiv sinn. Fir dass dëse Patrimoine fir weider Generatiounen erhale bleift schafft den IK-CNCI ënnert anerem Konzepter aus fir al Industriegebaier a -sitte op kreativ Aart a Weis nei ze notzen. Iwwert interessant Projeten a praktesch Aktivitéiten bréngt d’asbl de Leit d’Industriekultur méi no.     Websäit: www.cnci.lu  Instagram: @industriekultur_cnci  Facebook: @IndustriekulturCNCI 
More Episodes
Kontaktéiert eisParticipativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng StadOp eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege...
Published 10/25/24
Published 10/25/24
Kontaktéiert eisVu Schinnen, Minnen, Päerd an ZichMam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen...
Published 09/27/24