Episodes
Kontaktéiert eisParticipativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng StadOp eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op deem Site.Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWaVeWa steet fir « vestiaire-wagonnage” an ass en Deel vun der aler Diddelenger Schmelz, déi Uganks vu...
Published 10/25/24
Kontaktéiert eisVu Schinnen, Minnen, Päerd an ZichMam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen zeréck ze goen.Fir eisen zweete Besuch hate mer Rendez-vous mam President vun der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an oc...
Published 09/27/24
Kontaktéiert eisUm Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn, consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem an der Expo „Vélocité – La Vallée des champion.nne. s“.Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun der Téitenger Schungfabrik ass an ënnerhalen eis, am Kader vun enger Ausstellung ronderëm de Vëlo, mat eisem Invité iwwert de Vëlo als deeglecht Transportmëttel. Laang Jore ...
Published 08/30/24
Kontaktéiert eisOp engem waarme Summerdag ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up erausgesicht.70 Meter ënnert dem Buedem hate mer Rendez-vous mat eiser Gespréichspartnerin vun dësem Mount, der Chargée de direction vum Musée des Mines: Raffaella Cam...
Published 07/26/24
Kontaktéiert eisNo eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen.Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an...
Published 06/28/24
Kontaktéiert eisNo Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine. Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022 opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorraine zum Zäitpunkt vun de Fermeturen vun de Stolwierker an de fréien 1990er.Uckange, um Enn vun der...
Published 05/31/24
Kontaktéiert eisWéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn assOch wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng.Eis „M...
Published 04/25/24
Vu Sammler, Schmuggler a Stongen
Thematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première.
Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäerz...
Published 03/29/24
Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige Episode
Dëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen...
Published 02/23/24
Lieweg Industriegeschicht matten an der Natur
D’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis Regioun ass.
Dir sidd...
Published 01/26/24
Fir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregioun wäert féieren.
Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCI
Nodeems d’Laurie am Fréijoer op London geplënnert ass an d’Jenny...
Published 12/29/23
Legenden, Theater, Pedagogik a Mermaids
Dës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter Ausstellung "Transition Now" am Naturschutzzenter Ellergronn begréisst. D’Expo ass just e puer Meter ewech vun der Kabaischen an de...
Published 11/24/23
Dëse Mount si mer op Besuch am Käldall. Dee schmuelen Dall, deen am Laf vun de Joerdausende vun der Kälbaach, engem Niewefloss vun der Uelzecht, an d'Landschaft geschnidde gouf, ass eng Plaz voller Geschicht a Geschichten, déi an dësem Episod am Mëttelpunkt vun eisem Podcast stinn.
Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Gemeng Käl-Téiteng, schwätzen awer och mat eisem Gaascht iwwer seng Aarbecht als Doudegriewer a seng Iddi, wéi een d’Erënnerung u berüümt Käldaller, déi...
Published 10/27/23
Op eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier Statioun zu Diddeleng. D'Kabaische Floater um Waasserbaseng vun der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den nächste Joren um Site vun der fréierer Schmelz wäert sinn. De Fonds de Logement amenagéiert hei mam Projet "Nei Schmelz" op ronn 33 Hektar 1600 Logementer fir iwwer 3000 nei...
Published 09/29/23
No eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park Fond-de-Gras. Dat ass eng vun de wichtegsten Touristenattraktiounen aus dem Minett a mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl eng Plaz, wou d’Häerzer vun Eisebunnsromantiker méi séier schloen.
Al...
Published 08/25/23
Dësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun um Minett Biosphere Youth Forum, dee vum 12. bis de 16. Juli am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten aus 5 europäesche Länner gemeinsam eng Sensibiliséierungscampagne fir de Schutz vun de Kärzone vun eisem Biosphärenreservat auszeschaffen.
Eise Gaascht: Mahmoud Hashoush
Als...
Published 07/28/23
Den aktuellen Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der Schmelz ze schwätzen.
Eise Gaascht: Michel Dadario
De Michel Dadario huet an de spéiden 1960er op der HADIR zu Déifferdeng ugefaange mat schaffen. Am Laf vu senger berufflecher...
Published 06/30/23
Nodeems mer fir de véierten Episod vun dësem Joer Statioun am Dall vun der wëller Fra gemaach hunn, si mer fir de fënneften Episod an engem weideren exzeptionellen Dall vum Minett. Dës Kéier si mer an der "belle vallée", dem schéinen Dall, wat och nach Bel-Val genannt gëtt, gelant, duerch deen de Minett Trail natierlech och geet. Net wäit ewech vun der Gare Belval-Rédange steet d’Kabaische vun der Gemeng Suessem.
Dës nei Konstruktioun zu Bieles ass déi gréisst vun all de Kabaisercher um...
Published 05/26/23
Déi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an nach méi am Detail fir d’Kabaisercher, déi op 11 verschiddene Plazen um Minett Trail stinn a geschwënn alleguer fir eng oder méi Iwwernuechtunge kënne gebucht ginn.
Fir...
Published 04/28/23
"Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.", esou geet dem Michel Rodange säi "Renert" un, deen hien 1872 publizéiert huet. Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Minett Mash-Up, mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat eisem Gaascht Statioun zu Beetebuerg ze maachen.
De Renert war ee vun de Sujete bei eiser drëtter Statioun fir d’Joer 2023, mä et goung méi riets iwwer eisem Gaascht säi Buch "Das...
Published 03/31/23
An der Februar-Episod vun eisem „Minett Mash-Up“-Podcast geet eis Entdeckungsrees duerch d’Minett UNESCO Biosphere virun. Mir maache nees Statioun um Minett Trail an hunn eis Invitée vun dëser Kéier an enger vun den 3 Kabaisercher vun der Gemeng Monnerech emfaangenempfaangen. Dës Kabaisercher sinn direkt hannert dem Centre Culturel „Beim Nëssert“ zu Biergem ze fannen an dat speziellt Konzept hannert dëse Konstruktioune ass ee vun de Sujeten an dëser Episod.
Konscht an d’Engagement fir eise...
Published 02/23/23
Dëst Joer geet de „Minett Mash-Up“-Podcast nees op Entdeckungsrees duerch d'Minett UNESCO Biosphere. Bis Enn des Joers besiche mir déi 11 Gemengen aus dem Biosphärenreservat a schwätze mat eise Gäscht iwwer hir Aarbecht an hir Projeten, de Minett, déi eenzegaarteg Natur vum Süde vu Lëtzebuerg an iwwer den industrielle Patrimoine vun der fréierer Biergbau- a Stolregioun.
Fir eise Podcast dëst Joer unzefänken, starte mir an der südlechster Stad vum Land, zu Rëmeleng, a begréissen d'Directrice...
Published 01/27/23
Fir dësen Episod vum Podcast, deen éischte vun 3 spezielle Summer-Podcasten, si mer an der direkter Noperschaft vum Sëtz vun der Minett UNESCO Biosphere bliwwen. Den Ellergronn ass net just eent vun den eelsten Naturschutzgebitter am Land, et ass och en Deel vun Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad.
Um Site vum Naturschutzzentrum Ellergronn steet d’Installatioun vun der Heure Bleue, déi vum Kënschtler Dimitri Mallet an dem Architekt Sergio Carvalho gemeinsam realiséiert ginn ass.
De Sergio...
Published 07/29/22
Matten am Bësch, op den Hiwwel vum pittoreske Käldall, hu mer dësen Episod vun eisem Podcast opgeholl. Op Besuch hate mir dës Kéier déi jonk Fotografin Lynn Theisen, déi no hirem Studium zu Berlin, dee Wee zeréck an de Minett fonnt huet a sech elo mat hirem Atelier am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng installéiert huet. Hire Wee an d’Fotografie an hire spezielle Konschtprojet fir Esch2022 si just zwee vun de Sujeten iwwert déi mir geschwat hunn.
Published 04/29/22