Episodes
Hannert héije Gras a Beem verstoppt sech eng kleng Oasis an der Schëfflenger Stadlandschaft. Den natur&ëmwelt Ornitholog, Sören Salvatore, hëlt eis op dës geheim Plaz, déi mir zesumme mat all deene flotten Projeten diskutéieren, an deem hien involvéiert ass! Maacht mat eis mat als mir e puer nei lëtzebuergesch Wierder léieren, eis Stiwwelen schlamméieren a vill um Wee laachen!
Published 03/25/22
Den Minett ass 2020 eng UNESCO Biosphere ginn. Wat iwwerhaapt eng Biosphere ass an wat dat fir den Minett bedeit, kritt är an dëser Folg gewuer! Dozou kënnt och nach den Freestyle Footballer a Filmaker, Sven Fielitz, bei eis laanscht. Mir diskutéieren fléiend Kleeder, Schof a Goldfësch a mir probéieren e puer Freestyle Tricken selwer aus!
Published 02/25/22
Léiert am éischten Mount vum Joer d’mega cool a sportlech Freerunnerinn, Lynn Jung kennen. Mir virbréngen mat him eng kuscheleg Zäit am Café Dolmat a diskutéieren seng kandheet zu Belval a wéi d‘Lynn seng Passiounen an hir Aarbecht ëmgewandelt huet. An wann dir nach net Parkour oder Freerunning kënnt, keng suerg! Och dat kritt är am Podcast gewuer!
Published 01/28/22
Eis Rees hëllt eis dës Mount op Diddeleng an den flott rekonzeptualiséiert CNA Pomhouse. Mir treffen den Jazz Trompettspiller, Daniel Migliosi, a diskutéieren seng wuerzelen an Verbindungen mam Minett – Schlësselwuert Italien, Russland a vill Caféen! Kleng juwelen iwwer d’Jazz Zeen, Diddeleng an den Haard kritt är och gewuer! Fir méi detailléiert Show Notes, kuk op minett-biosphere.com :D
Published 12/24/21
An dëser Episod klamme mir bis op den Escher Gaalgebierg a begéinen der talentéierter Kënschtlerin Lisa Junius. Mir diskutéieren iwwert hir divers Kreatiounen an hir enk Verbindung zum Minett. Als Bonus, gëtt eis Wëssen iwwer d’Geschicht vum Escher Gaalgebierg getest!
INSTA: @lisajunius
WEB: lisajunius.com
Escher Gaalgebierg: esch.lu
+ Video iwwer de Gaalgebierg
Schreif eis gären un!
INSTA: @minettbiosphere
Email:
[email protected]
Published 11/26/21
Häerzlech wëllkomm zum Minett Mash-Up - de Podcast! An dëser éischter teaser Emissioun stelle mir eis fir, verroden méi iwwert de Podcast an wat iech erwaart.
Eis Minett Location vum Mount
Giele Botter, Differdange, Mine 1965 (Google Maps: 49°32'29.3"N 5°52'39.3"E)
Extra Infoen iwwer de Giele Botter:...
Published 10/26/21