Episodes
An der leschter Folleg schwätzt de Bob Hemmen mam Yves Braun a mam Max Reuter iwwert den Opstig vun Avanti Mondorf. De Veräi spillt nächst Saison fir d'éischte Kéier an der LBBL.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 05/07/24
Published 05/07/24
Der ehemalige deutsche Nationalspieler spricht im Podcast über seine Rückkehr nach Trier und die Gerüchte um einen möglichen Wechsel nach Luxemburg. Außerdem erklärt der 34-Jährige, warum er sich in Interviews nie besonders wohlgefühlt hat.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 04/23/24
De Vic Heuschling schwätzt iwwert seng éischt Saison an der Fiels an erzielt, wisou och Zolwer e ganz spezielle Club ass. Ausserdeem verréit hien, wéi et ass, Géigespiller ze behandelen.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 04/09/24
D'Ex-Nationalspillerin huet sech am Lëtzebuerger Basket net just um Terrain en Numm gemaach, mee dréit och vill zu der positiver Entwécklung bei der FLBB bäi.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 03/12/24
De jonken Nationalspiller huet de Schratt an d’USA gewot a spillt elo zu Wien. Am Podcast schwätzt hien iwwert d’Zäit zu Steesel, säi geplatzten Dram a seng Ambitiounen.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 02/27/24
D’laangjäreg Nationalspillerin erënnert sech am Podcast un d’Joren um College an den USA an als Profi an Italien. Ausserdeem erkläert et, wisou et villäicht net méi mam Basket ufänkt.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 02/13/24
E Beroder huet mat ville Virurteeler ze kämpfen. Am Podcast erzielt de Rui Nunes, wéi säin Alldag als Agent ausgesäit, wourop hie beim Recrutement oppasst a wat zu Lëtzebuerg am Ëmgang mat de Profie schif leeft.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 01/30/24
D'Ehis Etute ass wuel déi talentéiertst Basketspillerin, déi Lëtzebuerg jee hat. An d'T71-Spillerin liwwert net just um Terrain of. D'Ehis erzielt e puer witzeg Anekdoten a verréit, wisou et net onbedéngt an d'WNBA wëll.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 01/16/24
Basket ass dem Christophe Flammang seng grouss Passioun. De Coach vun de Sparta-Männer ass scho fréi Trainer ginn an huet sech als éischt am Jugendberäich engagéiert. No e puer Joer zu Bascharage ass hien op Bartreng zeréckkomm, wou e vill verschidden Aufgaben hat, ier en an Däitschland innerhalb vu kuerzer Zäit esou munches geléiert huet. Am Podcast erzielt de Christophe Flammang, wéi een de Basket hei am Land verbessere kéint.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 11/28/23
D'Cathrin an de Yann Wolff sinn net just Geschwëster, mee och allen zwee leidenschaftlech Basketspiller. Am Podcast schwätzen si iwwert hir Kandheet an d'Bedeitung vum Sport am Liewen. Ausserdeem beäntwerten si, wien éischter mol géif en Training verpassen a wien heiansdo e Gebuertsdag vergësst.  See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 11/14/23
De Sam Ferreira spillt net just an der LBBL fir Mamer, mee och fir d'3x3-Nationalequipe. Am Podcast erzielt hien, wéi et dozou komm ass a wisou him d'Ënnerstëtzung vun der Famill esou wichteg ass.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 10/31/23
D'Liz Schmitz war Profi an huet hei am Land vill Titele gewonnen. Am Podcast bléckt d'Ex-Nationalspillerin net just op hir aktiv Karriär zeréck. D'Liz erzielt och, wisou et haut net just selwer coacht, mee och motivéierten Trainerinnen an Trainer hëlleft.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 10/17/23
Den Olivier Vujakovic zielt zu de beschte Lëtzebuerger Basketspiller. Säit leschtem Joer ass hien zeréck am Land a spillt och nees fir Walfer. Am Podcast verréit de Nationalspiller, wéi d'Goldmedail zu Malta gefeiert gouf. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng Originnen a beäntwert zum Schluss e puer Quiz-Froen.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 10/03/23
D‘Basket-Saison geet endlech nees un. Virum éischte Spilldag beäntwert de Bob Hemmen zesumme mam Jenny Zeyen (Tageblatt) a Jeff Kettenmeyer (RTL) déi wichtegst Froen zum Damme- an Härechampionnat.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 09/19/23
De Samy Picard ass schonn zanter 2020 President vun der FLBB. Och no der Corona-Pandemie haten den Ex-Nationalspiller a seng Equipe genuch ze dinn. An der leschter Folleg vun der Saison erzielt hien, wéi e perséinlech mat de villen Diskussiounen eens ginn ass, déi et dës Saison goufen. Ausserdeem äussert hien sech zu aktuellen Themen.See omnystudio.com/listener for privacy information.
Published 08/09/23
De Samy Picard ass schonn zanter 2020 President vun der FLBB. Och no der Corona-Pandemie haten den Ex-Nationalspiller a seng Equipe genuch ze dinn. An der leschter Folleg vun der Saison erzielt hien, wéi e perséinlech mat de villen Diskussiounen eens ginn ass, déi et dës Saison goufen. Ausserdeem äussert hien sech zu aktuellen Themen.
Published 05/09/23
No dëser Saison zitt de Jean Kox e Schlussstréch. De laangjärege Nationalspiller trëtt am Alter vun 32 Joer zeréck. Am Podcast erzielt de Kapitän vun de Musel Pikes, wisou en dës Entscheedung getraff huet a wourob en sech elo besonnesch freet.
Published 04/18/23
D'Lou Mathieu an de Christophe Mertzig hunn sech duerch de Basket kennegeléiert. Wärend d'Lou zu Contern bei den Damme spillt, ass de Christophe fir d'Hären am Asatz. Am Podcast geet et em d'Roll vum Sport an hirer Bezéiung an d'Zukunft vum Club.
Published 04/04/23
De Philippe Gutenkauf huet e Samschdeg mat der Etzella d'Coupe gewonnen. Am Podcast erzielt den Ettelbrécker, wéi hien dëse speziellen Dag erlieft huet a wéi d'Party nom Match war. Ausserdeem schwätzt de Nationalspiller iwwert seng aner Aufgaben am Veräin an eng iwwerraschend Offer aus Mexiko.
Published 03/21/23
D‘Lena Mersch huet déi lescht Joren nieft dem Studium an Éisträich gespillt, elo ass et zeréck am Land a kämpft mat Sparta em Titelen. Am Podcast erzielt d‘Lena, wisou et op Bartreng gewiesselt ass, wéi säin Aarbechtsalldag ausgesäit an ob et sech scho mat der Nationalequipe beschäftegt huet.
Published 03/07/23
De Joe Kalmes wëll dës Saison mat Diddeleng endlech säin éischten Titel gewannen. Am Podcast schwätzt de Joe awer och doriwwer, wisou ee beim T71 e gewëssenen Drock huet a wéi schwiereg et ass, Polizist a Basketspiller ze sinn. Dobäi ass och seng Gesondheet entscheedend.
Published 02/21/23
Säit dëser Saison ass d'Joy Baum als Profi am Ausland aktiv. D'Nationalspillerin erzielt am Podcast, wéi et zum Wiessel op Chemnitz koum a wéi d'Lierwen an Däitschland ass. Ausserdeem schwätzt d'Joy doriwwer, wisou et bei der Arméi bemol Zweiwel krut a wien et schonn ëmmer inspiréiert huet.
Published 11/29/22
Den Alex Rodenbourg huet bal seng ganz Karriär fir Basket Esch gespillt an 2022 dann och säin éischten Titel um Terrain gewonnen. Am Podcast erzielt den Ex-Nationalspiller, wisou en et net emmer einfach hat a wéi eng Tipps en ambitionéieren Nowuesssportler géif ginn. Den Alex schwätzt awer och iwwert e neie Projet, deen him um Häerz läit.
Published 11/15/22
De Peter Rajniak war selwer jorelang zu Lëtzebuerg an och am Ausland aktiv. Haut hëlleft hien ënnert anerem Basketspiller dobäi, hiere Schoss ze verbesseren. Am Podcast verréit hien e puer Tipps. Duerch seng Leidenschaft huet den Ex-Nationalspiller viru Kuerzem och en NBA-Star getraff. Ausserdeem erzielt de Peter, wéi eng Lëtzebuerger am beschte schéissen.
Published 11/01/22