Episodes
Mir paken eis siewe Saachen a fuere wéi all gudde Lëtzebuerger rop op de Stau, fir an der Sonn ze gammelen. An iech huele mer natierlech mat!
An dëser Folg dréit sech dann och alles em den Drot zu dem, wat eis zesummenhält: eis Fësch. Mir schaffen eis voll Inbox Stéck fir Stéck of, a ginn op all relevant Evenementer vun der Woch an. Vum Baschti senger Renconter mat enger beandrockender Fra iwwer de Mullenchecka69 bis hin zum 4. Prager Fenstersturz.
Published 06/19/22
Wat läit op der Plage a braddelt ganz ondäitlech? Richteg, eng Nuschel.
A wéini ginn U-Booter ënner? Kloer, um Dag vun der oppener Dier.
Dat si just zwee kleng Amuse-Bouchen, déi dech op den Niveau vun eisem Podcast astëmme sollen.
Also behaapt duerno net, et hätt keen dech gewarnt.
De Joe huet iwwregens de Host. Un dir ze entscheeden, ob dat elo eng gutt oder eng schlecht Noriicht ass.
Published 06/14/22
Vum Kliemann iwwert d'Geriichtsaffär Heard vs Depp bis bei de Eurovision Song Contest: an der leschter Woch huet eis sou munches opgereegt.
Dofir huele mir eis lo Zäit fir erofzekommen, an zesumme mat iech d'Séil baumelen ze loossen.
(Bei Roserei oder Irritatioune wärend dem Lauschtere vun dësem Podcast, schreiwt w.e.g. e Mail un
[email protected])
Published 05/20/22
Hei ass eng XXL-Folg vun eisem Schrottcast. XXL ass iwwregens och d'Gréisst vun denger Mamm hirem Schnitzel, dee si all Moie beim Kaffi wegstaubsaugert. Themen sinn eis Liblingslidder, Twitter, Klischeeën iwwer Jugendlecher, an natierlech dierfen eis 60.000 Rubricken net feelen. 60.000 ass iwwregens och de BMI vun denger Mamm.
Published 04/28/22
Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet.
D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un.
Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi...
Published 04/20/22
Neies vum nëmme liicht zougefruere Séi vun der politescher Korrektheet: de Pippo ass frësch zréck aus dem Nepal a bréngt eng Portioun exotesch Wierz mat an de Podcast, de Joe ass mëttlerweil esou wäit ofgehuewen, dass hien selwer Capitani nach net gesinn huet (mir froen hien trotzdeem aus) an de Baschti ass wéi ëmmer sympathesch, buedemstänneg an ouni Effort witzeg, jee, d'gutt Séil vum Podcast.
Zesummen huele mir iech mat op eng weider Audiorees Richtung Verluerenzäitland an nees zréck.
Published 04/11/22
Komm mir si mol éierlech, e puer Themen musse mer wegootmen: Ukrain natierlech, Capitani wéinst dem Joe, an *of course* d'Luxfilmfest.
Mee dat garnéiere mer à la Salt Bae mat enger gudder Portioun Dommheet, sou wéi dir et vun eis gewinnt sidd: Onnéideg Business Iddien, dem Tommy Schlesser säin Doppelgänger, a vill flaach Witzer.
Pas de prob.
Published 03/07/22
Mir sinn zréck aus dem Wanterschlof! Esch2022 bréngt d'Kultur zréck an d'Land, also brauche mir en niddreg-IQ-Géigepart. Dee liwwere mir mat Freed... mir beschwätzen alles vum Netflix-Joe sengem Comeback, dem Baschti sengen RTL-Eskapaden an dem Krich an der Ukrain mat eisem gewinnte 'je ne sais quoi'.
*Je ne sais quoi* steet an deem Kontext fir ongefrot Meenungen an domm Witzer. Business as usual
Published 02/28/22
Mir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen.
Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer.
De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wéi mer et ugefaangen hunn.
Published 12/25/21
Mir huelen iech mat op eisem Wasserwerfer a fueren eng Kéier gedanklech vum Peacock bis an d'Schwäiz. Dobäi hu mer nees eng ganz Rei Stops ënnerwee: Eng elitär Geschicht vum Joe, dem Philippe säin Owend um Filmpräis, de Baschti zielt vum legendäre Gunther VI., an et gëtt endlech en neie Kack-Krimi.
Nach eng Reklamm an eegener Saach: De Paus-Podcast huet eis agelueden, fir déi 4. Käerz op hirem Adventskranz ze sinn. Also lauschtert do och eng Kéier ran wann iech langweileg ass. Bussi Bussi.
Published 12/14/21
De Podcast fänkt des Kéier an trauter Zweesamkeet un - de Joe huet nämlech eng mysteriéis Verspéidung. Hien bréngt ofgesinn vun enger klenger Strofdot awer mat Retard och eng kleng Preparatioun als Host mat. A behandelt do alles vu Märercher bis Nazien zu Schraasseg.
Published 11/24/21
Mir komme mam Kackcamion vun Dubai bis bei deng Oueren an tippen 7 Tonnen Blödsinn direkt an däi Kapp. Inhaltlech wéi ëmmer mannerwäerteg, mat Themen wéi Klappjuegd, Marche Blanche Leaks, Pissconcerten an engem laang iwwerfällege Comeback vum Prager Fenstersturz.
Published 11/16/21
Beim insulinbedengten Zockerschock ënnert de lëtzebuergesche Podcasts geet et des Woch em d'REEL, héich qualifizéiert Tipps fir der Inflatioun entgéint ze wierken, Déieren an d'Marche Blanche. Net feelen dierfen natierlech eis Social Media Fësch, de Merci vun der Woch, an dem Pippo seng philosophesch Fro.
Hei nach d'Kaart vun den Allergenen: Dëse Podcast enthält Cringe, Roserei an Triggergefor.
Published 11/04/21
De Joe huet den Host. Soss nach Froen?
Ok, kuerz zesumme gefasst: Autobiographien, Baldwin-Schoss, Baschti um RTL, Ganzkierperzongen, Verfassung.
Ofwiesslungsräiche Contenu à la Dennenwald.
Published 10/24/21
Mir sinn zréck aus der Summerpaus a sprange mat enger Mëschung aus Motivatioun an Existenzangscht an déi nei Staffel vun eisem kléngen Zigeiner-Podcast. Mir maachen den Debrief vum Erklär&Live, erklären fachmännesch d'Vir- an Nodeeler vun der Marche blanche, an drénken e gesond Glas Kokain mat Drëpp. Ah, schéin nees do ze sinn.
Published 10/17/21
Mir hunn et endlech hikritt: No gefillt 69 Uleef hu mer eisen éischten Erklär&Live gefeiert, am Café Millebières.
Leider ass de Joe kuerzfristeg malade tombéiert, mee d'Jill vu 'Paus.' an '(On)bekannt' konnt kuerzfristeg asprangen an huet e fantasteschen Ersatz gebueden.
Hei sinn e puer Ausschnëtter, éier et dann e Méindeg nees lassgeet, mat Staffel 4 vun der Erklär&Laach.
Published 10/14/21
Mir 3 al Schaffpäerd jetsetten endlech an de Summer - awer net ouni et nach eng Kéier knuppen ze loossen! Mam Baschti senger fantastescher (illegaler?) Prankshow, de makaberste Sportaktivitéite fir de Summer, dem sangende Joe, an och e puer sérieuxe Gedanken.
Published 07/26/21
Den Zirkus ass nees an denger virtueller Stad! Deng Liblings-Entertainer (Jongleur Joe, Wuertakrobat Pippo & Dompteur Baschti) bidden nees eng vun hiren typesche Shows: frëscht Hallefwëssen an eng gesond Portioun Iwwerhieflechkeet, gemëscht mat engem Schoss Humor.
Bonne dégustation.
Published 07/13/21
Et ass PrideWeek! Nom absolut onkontroversen Erfolleg vun eiser Folge iwwer Verhütung ass et elo um Thema LGBTIQ-Akzeptanz. Wat soll do scho schif goen?
Ausserdeem: De Philippe ass nom Joe lo schonn deen zweeten, dee mat engem anere Podcast friem gaangen ass, de Joe huet e Merci vun der Woch, an de Baschti ass och do.
Published 07/06/21
Et ass roueg an der nationaler Podcast-Landschaft, just bei eis dräi Toperte brennt nach Luucht. An dat huet e gudde Grond. No wochelaangem Sichen, féiwerhaftem Gerätsels, a mystériéisen Noriichten ass et endlech souwäit: Den Andy Schtrack weist seng hässlech Fratz.
Published 06/22/21
De Joe ass Host a steiert eist Podcastschëff (et ass just e klénge Kutter, mee ëmmerhin) riicht an en onrouegt Gewässer mat politesch inkorrekte Strudelen, engem Genderstuerm, a ville Froen, op déi mir keng Äntwert hunn. SOS!
Niewebäi hu mir awer och e ganz emotionale Merci vun der Woch, villes zu der EM, an natierlech gutt Laun fir jiddereen.
Published 06/14/21
-Mir behandelen an eiser Antiagressiounstherapie déi verschiddensten Themen: Vu BIcher iwwer Reklammen bis hin zum Andy Schtrack sengem neiste Message. Ausserdem huet de Philippe e Pub Quiz organiséiert, an de Joe verstréckt sech an enger Rechnung, déi sou komplizéiert ass, dass hien elo an der Klinick läit
Published 06/08/21
Mir kruten eng mysteriéis Noriicht op eisem Instagram... a mir brauchen Hiweiser, wat do geschitt ass. Ausserdeem beschwätze mir alles aus der leschter Woch, vu verschwonnenen Zaldoten an der Belsch bis zum Test-Concert an der Rockhal. Wéi ëmmer delikat gewierzt mat mëttelméissegem Humor an Experts-Wësse vun dräi Idioten (dat si mir).
Published 05/24/21
Fir eise 60. Jubiläum sëtze mir mat engem Feierowendbéierchen a beschter Laun beieneen - a poteren iwwer méiglech Gäscht fir eise Podcast, dem Joe säin neiste PR-Stunt fir den Handball, den Auto vun der Pizzeria Le Special, an nach eng ganz Rëtsch aner Dommheeten.
Published 05/12/21
Mir liewen nach! Oder nees... a mir lafen direkt mat Wuppes an eise gewinnten Dall aus schwaache Pointen, flaachem Humor an enger handverliesener Selektioun un dommen Themen. Bon appétit! (Beim Lauschtere vum Podcast gëtt d'Anhuele vu Paracetamol oder Ibuprofen staark recommandéiert)
Published 05/03/21