Episodes
Informatiounen:
No der Geschicht: "Le Lièvre et les Lapins", Timothé Le Veel, ed. Kaléidoscope
Adaptatioun, Réalisatioun, (Enregistrement a Montage) : Rainier Radelet
Iwwersetzung : Isabelle Kayser a Jean-Luc Blasius
Interpreten : Ensembel Instrumental a Jugendfanfare Niederanven (Schouljoer : 2020-2021)
Participants :
Erzielerin : Sophie Schaefer-Wagner
Beel 1 : Léonie Bayer
Beel 2 : Sofija Du
Bei : Mattia Depalma
Beien : Mattia Depalma, Eve Van Der Schilden, Marcus Tantar, Noah...
Published 03/09/22
De Paul Scholer schléisst ons Serie of iwwert d'Instrumenter. Als Direkter erzielt ons e bëssen iwwert "seng" Museksschoul an mir léieren de Paul Scholer awer och privat kennen.
Published 06/04/21
Den André Mergenthaler verreit ons wéi hien op den Cello komm ass, wéi et ass vir de Grand-Duc ze spillen, op hien nach ëmmer nervös virum Concert ass mécht an op et Cellis oder Cellos an der Mehrzahl heescht!
Published 06/01/21
Onse Podcast iwwert Gittar. De Jean-Jacques erzielt ons vun sengen Bands. Vun sengen Studien a wéi hien bei der Gittar gelant ass. Och iwwert Manikür vun den Neel bei engem Gittarist ginn mir méi gewuer.
Published 05/28/21
Haut am Podcast geet et em Instrument Piano. Präsentéiert geet d'Instrument vum Pianist Jean Muller. De Jean Muller war scho op bal all Kontinent vir e Concert ze spillen, huet och vill Schach gespillt an haut awer och gären Lotti Karotti.
Published 05/25/21
De Serge erzielt vun sengem Instrument: Seng Stemm! Wéi huet en rausfonnt dat hien wéilt Sänger ginn? Wéi trainéiert hien seng Stemm a wat mécht hien bei der Philharmonie als Senior Manager Artistic Planning Systems? All dat verréit hien ons an onsem 10. Podcast!
Published 05/21/21
De Laurent Warnier erzielt ons am 9. Podcast iwwert seng Leidenschaft vir Perkussioun a besonnesch de Vibraphon. Hien verréit och vir wéi eng zwee Futtballclibb säin Häerz schléit an wat en soll zu Amsterdam kucken goen.
Published 05/18/21
Am "Flou am Ouer" hunn mir haut den Jean-Paul Hansen. Säin Instrument ass den Hautbois. Ons erzielt hien och nach wat Krautfleckerl an "al Musek" ass an wéi circulaire Ootmung funktionéiert.
Published 05/14/21
Säit 1945 ass de Robert Weyland an der Musek zu Äischen. De fréieren Militärmuseker, Professer am Conservatoire zu Esch, UGDA-Präsident an haitegen UGDA-Éierepresident erzielt ons vun sengem Instrument der Trombonn, vun sengem fréieren Schüler dem Paul Scholer a vu sengen aneren Hobbyen.
Published 05/11/21
Nadine Kauffmann stellt säin Instrument vir: de Saxophon. Hat erzielt ons wat e Saxophon an e Schwan gemeinsam hunn an wéi dat gaangen ass dat hat Saxofon geléiert huet. Ausserdeem schwätz hat iwwert säin Kannerprojet "Maus Kätti".
Published 05/07/21
5. Episod vun onsem Podcast mam Direkter vun Escher Conservatoire. Hie schwätz natierlech iwwert säin Instrument: Klarinett! Awer hien erzielt ons och wat seng Liblingsplaz am Escher Conservatoire an wien hien well mathuelen an sengem Camper.
Published 05/04/21
Liz Speyer klemmt gären op Bierger, hat spillt gären Querflütt, ass ganz musikalesch an awer huet hat eng aner Karriär ageschloen. Wat a wou dat verréit hat ons onsem 4. Podcast.
Published 04/30/21
An onser drëtter Episod schwätzen mir mam Amanda Kleinbart, Musekerin schafft beim "NDR Elbphilharmonie Orchester" an huet vill ze erzielen. Enner anerem eng flott Aventure mat der Kinnigin vu Schweden.
Published 04/27/21
An der zweeter Episod geet et em d'Nadine an seng Trompett. Nadine erzielt ons wéi een eng Trompett fleegt awer och iwwert säin ekologescht Gewëssen.
Published 04/23/21
An dëser éischter Episod get et em de Philippe Schwartz an säin Euphonium. Wisou hien gären d'Bank bei Monopoly ass an wat hien vum Alphorn hält gitt dir an dësem Episod gewuer.
Published 04/20/21
Wat ass den Podcast Flou am Ouer! Hei fannt dir d'Äntwerten!
Published 04/14/21