Episodes
Et ass vill geschitt an der Lescht. Manor Lords erobert d'Häerze vun all Opbausimulatiouns Fan a Stellar Blade gëtt hefteg diskutéiert. Dëst an nach vill méi hu mir an dëser Episod ze beschwätzen.
Published 05/08/24
Published 05/08/24
D'Jungens vu Gamer Things iwwerleeën haut, wie wuel dru Schold ass, dass d'Publisher esou Saachen ofzéie, wéi elo Ubisoft mat Star Wars Outlaws, se staunen a schwäermen iwwert d'Fallout Serie an diskutéieren iwwert déi ëmstridden Entscheedung vu Blizzard an Overwatch 2 all Spiller dee flucht ze bannen. Dat an natierlech villes méi an dëser Episode Gamer Things!
Published 04/24/24
Dragon's Dogma 2 ass eraus an trëfft op gemëschte Gefiller. Net sou Madame Web, deen di ganz Welt instant verdrängt huet. Ausserdeem klammert de Marc sech un all kleng News zu Hollow Knight 2, an de Petz kann et net méi verheemlechen, dass e Starfield trotz allem liebt. Dat avilles méi, diskutéiert mat a Good Game.
Published 04/10/24
Mir hunn erëm e ganze Pack Theme fir iech. Nieft der Battlefront Classic Collection an Dragon's Dogma 2, schwätze mir nach iwwert esou munch nei Traileren déi erauskomm sinn.
Published 03/27/24
Eis Jonge schwärmen iwwert hier gemeinsam Zäit am neien Helldivers 2, Elden Ring Fans levelen ëmsoss, an de rasante Fortschrëtt a kënschtlecher Intelligenz, wéi zB de SORA vu Google, gëtt ëmmer méi Ustouss zum Nodenken...
Published 03/13/24
An Helldivers 2 stierze mir eis kooperativ an e groussen Intergalaktesche Krichan erliewe grandios Action. Dann hu mir laang drop gewaart, mee endlech ass et esouwäit, den Trailer zum Elden Ring DLC Shadow of the Erdtree ass endlech online.
Published 02/28/24
De Petz huet sech duerch d'Open Beta vu Skull and Bones gequäält, de Mike huet nom Spaass bei Suicide Squad gesicht an de Marc huet Angscht ëm Apex Legends. An natierlech ass Fuesent zu Lëtzebuerg an eis Gamer freeën sech schonn op d'Verkleeden. Loosst iech dat op kee Fall laanscht d'Clownen-Nues goen.
Published 02/14/24
D'Jungs hunn den neie Prince of Persia gezockt an hir Meenung ass am grousse Ganze positiv. D'Phänomen Palworld léist eng grouss Diskussioun aus an ass wéi e Meteorit ageschloen! Ausserdeem gëtt nach iwwert d'Hygienemacken a vereelzte Game-Mechanike geschwat! Lauschtert eran an deelt iech gäre mat!
Published 01/31/24
D'Joer 2024 huet ugefaangen a mir hunn an dëser Episod beschwat wat mir esou an de Feierdeeg gezockt hunn. Dozou hu mir eis ugekuckt wat fir Spiller eis am Joer 2024 esou erwaarden...
Published 01/17/24
Mir loossen 2023 Revue passéieren, e fantastescht Joer fir d'Gamer, mee och mat e puer Anti-Banger. Wat waren är Liblingsspiller vum leschte Joer, a wéi eng hunn iech am meeschten enttäuscht ?
Published 01/03/24
D'Jonge vu Gamer Things beschäftegen sech mam sagenhaften Release vun "The Day Before"! Nach ni an der Geschicht vun der Gamingindustry huet e Spill 4 Deeg no dem Release esou vill Welle geschloen. Do kënnen se sech just nach mam GTA6Trailer an The Finals tréischten!
Published 12/20/23
Amazon bréngt mat Fallout eng vun de beléiftste Gaming Franchisen an de Fernsee a begeeschtert mat engem fantasteschen éischten Trailer eis 3 Vaultdwellers. Fortnite kënnegt mat Lego a Rocket League zwou grouss Partnerschaften un an d'Post Esport Masters kritt en Upgrade mat 3 beléifte Spiller. Alles dat a villes méi, wéi ëmmer mat enger gudder Portioun "Humor".
Published 12/06/23
Call of Duty steet an dëser Episod erëm voll am Fokus. Mir diskutéiere wéi mir de Start vun COD empfannen. Dozou sinn déi Nominéiert fir d'Game Awards eraus an och do ginn et verschidde Saachen ze beschwätzen...
Published 11/22/23
D'Jonge vu Gamer Things schwätzen iwwert hir Freed fir den neie "Survival Horror" vun "Alan Wake 2" a sinn net d'Accord mat der Solo-Campagne vun MW3. Awer och "The Finals Beta" huet se begeeschtert. Villverspriechend an alles wat e Shooter brauch! Dat a villes Aneres an der neier Episode vu Gamer Things!
Published 11/08/23
Eis hauseege Gamer schwéngen sech am neie Spider-Man 2 duerch New York,  bouncen duerch de Flower Kingdom a Super MarioBros. Wonder, an diskutéieren iwwert d'Vir- an Nodeeler vum Monopoliséiere vun der Gaming Industrie. Schwätzt mat a gewannt eis vollst Bewonnerung.
Published 10/25/23
Mat Assassin's Creed Mirage a Modern Warfare 3, wëllendirekt zwou vun de laangbewährteste Gaming Franchisen domat Punkten erëm an nees "back to the roots" goen. Ob et hinne geléngt, an ob dat dawierklech ëmmer gutt ass, doriwwer a villes méi philosophéieren eis 3 Manetten.Lauschtert ran, schwätzt mat, a genéisst di schéin Hierschtfaarwen déi lues alues zur Geltung kommen ;) Vill Spaass.
Published 10/11/23
D'Jonge vu Gamer Things mierken, dass ENDLECH de Summer eriwwer ass, an se ongestéiert doheem zocke kënnen, ouni ee schlecht Gewëssen an en iwwerhetzte PC ze hunn! Starfield, Cyberpunk a Resident Evil 4 maachen daat och ganz angenehm.
Published 09/27/23
Eis kleng Summerpaus ass eriwwer, a wat gëtt et besseres fir di lescht Sonnestralen ze verjoe wéi di gréisste Gaming Convention op der Welt? Mir loossen d'Ukënnegunge vun der Gamescom Revue passéieren, a ginn eisen éischten Androck vu Starfield, dem neie Bethesda Blockbuster sou wéi och de Game of the Year Contender Baldur's Gate 3. An natierlech gëtt et och rëm de Fan-Favorite: Lëschtegt GEPLÄNKEL! Vill Spaass a loosst eis gären äre Feedback hei. GG
Published 09/13/23
Mëttlerweil ginn et super vill Videospill-Verfilmungen an och Serien dozou. Wéi eng eis Liblings-Verfilmunge sinn a wat fir eng fir eis déi Schlechtste sinn, erziele mir iech an dëser Episod...
Published 08/30/23
D'Jungs schwätzen, spekuléieren an erënneren un di kënschtlech Intelligenz an de Videospiller. D'Gamer kennen se io elo schonn sou laang wéi et Videospiller ginn, mee wat fir een Impakt huet déi modern "AI" dann op d'Industrie an op de Konsument? Eng Spezial Episode fir matzeschwätzen!
Published 08/16/23
Zwee Spiller hun an de leschte Wochen en enorme Succès fonnt, BATTLEBIT Remastered an Only Up! A wie wonnert et? Et gëtt vläit nees déi eng oder aner onerwaarte Meenung vun eisen 3 Podcastagnetten. The Crew Motorfest, Ratchet and Clank, an Tinykin sin aner Spiller iwwert déi mer och e bësse schwätzen, sou wéi och rëm e ganze Koup lëschtegt Gebraddels, sou wéi eis Zuschörer et gewinnt sinn.
Published 08/02/23
De Mike an den Marc maachen sech Gedanken wat dann esou déi beschten a fetteste Spiller sinn, an déi ee kann an der Summervakanz erantauchen fir gutt ze profitéieren. Hunn se Spiller vergiess? Sot eis Bescheed!
Published 07/20/23
D'Jonge vu Gamer Things maachen sech Gedanken doriwwer, wéi ee Spill wéi The Lord of the Rings: Gollum am Joer 2023 kann op den Marché kommen an den Petz versteet d'Timeline vu Call of Duty net. Ausserdem maachen si sech Gedanken iwwert d'Filmwelt a schwätzen iwwert SSMM. Wann der net wësst wat daat heescht, dann "hereingehört"!
Published 07/05/23
Och wann d'E3 offiziell net méi stattfënnt, hunn all di grouss Publisher an Developer di lescht Woch hir Summer Showcase presentéiert. Obwuel eis 3 Gamer d'Genéck am Jelli hate vum Slipknot Concert, hunn si sech natierlech alles ugekuckt a sech e puer Spiller rausgepickt iwwert déi se schwäermen (an "haten").
Published 06/21/23