Episodes
Dem Bob an dem Mathis ass einfach op gefall datt Sie an hirem Alldaag ëmmer missen drun denken, hei dat do dat wier dach eppes fir de Podcast . An wie soll et och anescht sinn, hu Sie et sech net huele gelooss, endlech Zeit ze fanne fir datt et nees konnt weider goen, an iech mat enger neier Episod ze beglécken . Domadder bleift nëmmen nach eppes ze soen, an zwar vill Spaass beim lauschteren!
Published 01/15/24
Published 01/15/24
Oh méi do war wuel den Wuerm am Internet oder wei nennt een dat, leider ass am Ufank Soundqualiteiet méi gelungen, mee no der paus koum nees alles an aler Pracht zeréck. Chaos an Egypten , Avocado an Katzen klappt nett, och iwert den James Bond hun mer eis gedanken gemach an Eldoradio... naja lauschtert selwer. Eng wonnerbar Episod wou mer rem vill  gelaacht hunn. Ameséiert iech gutt an op dësem Wee soen mir iech villmols Merci fir Ären Support an är Gedold mat eis.
Published 05/24/22
Hallo dir léif Leit, mir hoffen dir hat flott Ouschteren. Hei eis nei Episode, den Mathis flitt an Ägypten dowéinst steet Thema Vakanz um Programm. Mir hunn vill gelaacht, an sou hoffen mir datt ech iech och ergeet. Vill Spaass beim lauschteren.
Published 04/28/22
Hallo an wëllkomm an der Krankeschäin Episod vu Gebraddels a Gesabbels. Den Mathis huet Corona am Haus an den Bob gouf gëscht mam Réck operéiert. Des Episod dauert iwwert 1 Stonn, an kënnt wie an engem Goss frësch fir iech aus der Podcast Schmelz. Vill spaass beim lauschteren.
Published 04/03/22
Hallo léif Nolauschterer vum Kult Podcast Gebraddels a Gesabbels. Mat vill Verspéidung kennt des Episod an är Podcast Stream Déngscht. Et ass net ëmmer einfach wann et soll gutt gi, mee wei dir eis kennt, bleiwen mir fir iech um Ball. Vill spaass beim lauschteren vun dëser Episod.
Published 02/15/22
Halli Hallo, lo ganz genau mir sinn nees do. Prett fir neit Joer schmäissen den Bob an den Mathis nees hier Podcast trommel un. Hoffentlech sidd der eis net all ze vill béiss datt dir soulaang näischt méi vun eis héieren hutt, trotz allem wënschen mir iech vill Spaass beim lauschteren vun eiser neisten Episode.
Published 01/09/22
Dass Ouschterméinden an den Bob an de Mathis setzen am Bongert, des kéier als Invitée hu se den Generator mat da bei. Verhör ass ee Verhéier op Lëtzebuergesch, wien huet Poubelle erfonnt, Evergiven ass frei an wei ëmmer eng Good News wou den Mathis scho net méi weess wou en drun ass am Land. De Bob erzielt iech wei säin Ouschterweekend ass respektiv wäert ginn, a vill Zéit spreng huet des Episod iech ze bidden. Vill Spaass beim Ulauschteren
Published 04/05/21
Ola Ola dir léif Leit, de Bob an den Mathis hunn sech nees zesummen gesat, an hunn rëm hier Woch Revue passéieren gelooss. An dëser Episod ass och definit net mat Sounds geknausert gin, ma dat kennt da bei raus wann der op emol zwee an der Zopp réieren, op desst elo méi oder manner witzeg ass , dat bleift eleng iech iwwerlooss.  Vill Spaass beim ulauschteren a bleift gesond
Published 03/29/21
Et ass St Patrick´s Day an den Bob an Mathis mussen als Whisky Drénker a Pub lovers natierlech mateneen prosten an hu bei där Occasioun eng Episod fir iech opgeholl. Ui ui ui ui. Irland, Whisky, an sou munch Geschichten vun fréier hunn mir fir iech Parat. Är zwee lieblings Kléiblieder wenschen iech vill Spaass beim ulauschteren.
Published 03/22/21
Endlech ass et sou weit, prett fir den Weekend sin de Lëtzebuerger hier zwee léifsten Braddeler a Sabbeler sinn nees um start. Des kéier a Form vun engem Interview, an zwar extra no Verëffentlechung vu sengem éischten Album -Bic a Blat-, an lo opgepasst léif Nolauschterer a Frënn vum Lëtzebuerger Hip-Hop, mat kengem geréngeren wei dem  V.I.C. Dowéinst entschëllegt eis d´Verspéidung vum zweete Deel vun der Epsiod -Zu spéider Stonn- a mir wënschen iech wei ëmmer Vill Spaass beim...
Published 03/19/21
No enger gezwongener Paus starten déi zwee Sabbeler endlech rëm mat enger neier Episod. Den Mathis leet direkt erem mat 100 à l´heure lass an zielt vun sengen neisten Impressiounen aus Hamburg, den Bob deelt seng méi oder manner flott dreem mat iech, wisou waren mir esou lang fort a wei ass et mat der Episod "Zu speider Stonn Deel 2"? Lauschtert am beschten selwer eran. Vill Spaass!
Published 03/15/21
D´Fréijoer ass ugepaff! De Bob an de Mathis starten des Woch mat enger duebel Episod. Am éischten Deel kommen mir nach eng kéier kuerz op dem Bob seng Vakanz ze schwätzen, déi erfollegräich Lëtzebuerger Serie Capitani däerf och natierlech net feelen an eng kleng Rees an Vergaangenheet zum Ursprong vum Bob an Mathis senger Frëndschaft an enger SNJ Kolonie ass och derbäi. Am zweeten Deel hu mir dann mol nees eng kéier Invitée´n bei eis. Sidd gespaant op den éischten Deel vun den Epsioden -Zu...
Published 02/28/21
Des Episod ass wei aus engem Goss, villäicht leit et drun datt de Bob an Vakanz geflunn ass, genauer gesot op Fuerteventura. Aus éischter  Hand bericht en eis wei seng Fliger Erfarung war. De Mathis zielt vun sengen Fliger Geschichten an huet eng nei nëtzlech Good News fir iech. D´Rollen si vertosch gi well de Mathis fänkt des kéier un an den Bob huet en léiwen Sproch fir iech, also lauschtert eran an ameséiert iech gutt. Vill Spaass.
Published 02/23/21
De Bob flitt an Vakanz, an fir an déi richteg Business Class Stëmmung ze kommen gëtt op typesch Lëtzebuerger Manéier mat enger Kippchen ugestouss. De Mathis huet rëm eng nei Good News of the Week, an den Bob huet een Musek an een Serien Tipp fir iech an et natierlech sou munch aner Saachen. Vill Spaass beim Ulauschteren är Fuesgecke Bob a Mathis.
Published 02/15/21
De Méindes Rhythmus ass endlech dran, juhu se hunn et gepackt! De Pascal setzt am Publikum an däerf nëmmen laachen an drénken, d´Rubrik -U wat denks de bei- an dem Mathis seng Good News of the Week ass mat da bei, de Bob zielt vum Superbowl an dobäi mécht de Mathis en richteg geckeg well deen d´ganz Nuecht geschlof huet, ah jo an ee Gewënnspill hu mer des kéier  fir iech, also gutt oppassen an Vill Spaass beim lauschteren
Published 02/08/21
D´Kanner schellen un der Dier, et ass Liichtmëssdag.  De Bob an de Mathis hunn nei Rubriken an hire Podcast erabruecht, de Bob weist, wéi gutt e sange kann an ënnert anerem sinn d'Themen "Kläpperei" an "Tinder" ënnert d´Lupp geholl ginn. Vill Spaass!
Published 02/03/21
De Bob an de Mathis brauchen een Jingle, ASMR, zwou nei Rubriken, ganz vill Ola Ola, zwee nei Microen an déi längsten Episod déi mir bis elo opgeholl hunn, dat erwaard iech. Vill Spaass!
Published 01/28/21
De Bob an de Mathis sinn  auserwielt ginn, anscheinend hunn déi do uewe gemierkt, wei wichteg mir si fir eist Land. Ahjo, an d´Thema - Nimm vun Jonk an Al an d´Profilfotoe vu Leit sinn nees ënnert Lupp geholl ginn a villes méi. Eng knackeg lëschteg Episod.
Published 01/19/21
Ham an Noss, oder wei een och ka soen: Hamburg an Nouspelt. Also wann een dës éischt Episod op Distanz kéint beschreiwen, dann als een décke Steen am Schung.  Zwee Mol hu mer et probéiert an elo ass et endlech gaang. Mat vill Méi a Gedold aka Invitéeën hu mer et gepackt.   De Bob an de Mathis soen iech Merci fir Är Ënnerstetzung, egal wat dëst Joer nach bréngt, mir loossen iech net am Stach: Weekly Gebraddels a Gesabbels vum Fäinste fir d'Laun ze hiewen.
Published 01/09/21
D'Chrëschtdeeg sinn ëm, de Mathis huet nach ellen Nowéien a bleift dowéinst an dëser Episod beim Waasser a beim Ingwer Shot. Dem Bob geet et awer rëm gutt an hien traut sech schonn un den hellege Gambrinus. Zesumme schnësse sie iwwer Hipsches an Habsches vun den alljärleche Saachen, déi een an dëser Zäit mécht: Kachen, Prosten an de Kevin alleng doheem kucken. Vill Spaass beim Lauschteren.
Published 12/29/20
Live aus dem Schapp hat de Bob déi wonnerbar Iddi fir a Chrëschtdags Stëmmung ze kommen. A wéi geet dat am beschten? Natierlech mat engem Dëppe voll Glühwäin. Vill Spaass bei dëser lëschteger Episod, wou dem Bob säin Ziedel zimmlech kleng war an de Mathis dowéinst wéi gewinnt a richteger Braddel a Sabbel Laun war.
Published 12/18/20
Mat enger witzeger  Episod starte mir an des Woch, engem geheime Spectateur, engem schnelle Joresréckbléck an der Fro vun de Froen: Wéi war eis Woch?
Published 12/07/20
D’Caféen an d’Restaurante sinn zou an et däerfen der nëmmen 2 aus engem Stot op Besuch kommen. Dat geet duer fir eng Podcast-Episod fir Iech opzehuelen. Fir den éischte Weekend da méi einfach ze maachen, kritt Dir dës Episod aplaz vum Méinden, wéi mir dat geplangt haten, schonn haut. Vill Spaass beim Lauschteren a maacht Iech et kamoud.
Published 11/28/20
Et ass Sonnden Owend zu Lëtzebuerg an et gëtt sech z'Iesse bestallt.  De Bob an de Mathis sinn do net anecht, just datt se rausfonnt hunn, datt een dat besser nom "Podcast ophuelen" mécht. Zwee déck Bäich, een Invité aus der Provence an een aus Éisträich, vill ze vill Froen, vill ze vill schnell. Mä dat kënnt vir, wann ee sech eng Woch net héiert a gesäit, plus déi traureg Erkenntnis datt muer Méinden ass. Vill Spass beim Lauschtere vun eiser 3ter Episod Gebraddels a Gesabbels.
Published 11/22/20