New Work #4 - Wuelbefannen op der Aarbecht
Listen now
Description
Wéi kann een de Stress reduzéiere respektiv besser domadder ëmgoen? D’Chambre des Salariés bitt hei verschidden Ënnerstëtzungen un. D’Michèle Pisani, Psychologin a Conseillère bei der CSL, gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Owescoursen, Formatiounen an Universitéitscoursen aus dem Beräich Mental Health. A mir kréien en Abléck an d’Aarbecht vum Sonia Neves, si ass Therapeutin a gëtt ënnert anerem Sophrologiecoursen an de Betriber hei zu Lëtzebuerg. Geduecht sinn déi Course fir den eenzele Salarié respektiv Personaldelegéierten, déi sech fir d’Mataarbechter an d’Mataarbechterinnen an hirem Betrib asetzen.
More Episodes
Mussen déi Jonk vun haut ëm hir Pensioun fäerten? De Pensiounssystem, dee Lëtzebuerg haut kennt, kënnt vun enger Reform vun 2012. Elo si mer awer an engem neie Moment, wou d'Pensioune reforméiert kéinte ginn – an d’Chambre des salariés setzt sech an, fir se ze stäerken. Um Terrain, ma och a...
Published 10/23/24
Published 10/23/24