Episodes
Mussen déi Jonk vun haut ëm hir Pensioun fäerten? De Pensiounssystem, dee Lëtzebuerg haut kennt, kënnt vun enger Reform vun 2012. Elo si mer awer an engem neie Moment, wou d'Pensioune reforméiert kéinte ginn – an d’Chambre des salariés setzt sech an, fir se ze stäerken. Um Terrain, ma och a senger Kommunikatioun. Fir ze verstoen, ëm wat et genau geet, schwätze mir an dësem Episod mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés, a mam Dylan Theis, Conseiller bei der CSL, deen um...
Published 10/23/24
Published 10/23/24
All Dag kommen 220 000 Frontalieren a Frontalièren op Lëtzebuerg schaffen. D'Zuele si vun November 2023. D'Leit kommen aus der Belsch, Frankräich an Däitschland. Mee wéi genau gëtt de Begrëff vum Frontalier definéiert? Genee dorëm geet et an deser Episod. Wat ass fir ee Frontalier oder eng Frontalière um Lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché anescht, a wat sinn seng*hir Vir- an Nodeeler par rapport zu engem*r Résident*e? Vun den Teletravailsdeeg bis op spezielle Congé: D'Martine Mirkes an...
Published 09/05/24
D’Summervakanz ass do, a fir déi meescht Student*innen heescht Summervakanz ënnert anerem och Summerjobs. Mee sief et Summerjobs oder Stagen, wat sinn eigentlech déi Saachen, op déi een oppasse muss, wann ee säi Kontrakt ënnerschreift? Dësen Episod ass en How-To fir all Student*innen, déi iwwert de Summer respektiv wärend dem Joer berufflech Erfarunge sammelen : Wat ass erlaabt a wourop sollt dir oppassen? D’Jeannine Kohn, Conseillère de Direction bei der Chambre des Salariés, an d’Johanna...
Published 07/11/24
An dësem Episod geet et ëm e Sujet, mat deem jidderee schonn ze dinn hat: Inegalitéiten. Där ginn et vill, vum Abseits am Fussballsmatch, dee kee war, bis zum Kolleeg, deen am Kino eng besser Plaz krut. Ma déi interesséieren d'Chambre des salariés jo net esou. Op wéi eng Inegalitéiten fokusséieren si sech da genau? Wéi erkennen si se? A wat fir eng Zorten Inegalitéite ginn et? D'Nathalie Goerges, de Félix Martins de Brito an den Dylan Theis si wirtschaftlech Beroder*inne bei der CSL. Si hunn...
Published 05/07/24
2024 ass keen normaalt Joer fir d'Chambre des Salariés : Net nëmme sti Sozialwalen um Programm, ma d'CSL feiert och säin 100. Gebuertsdag. Wat waren d'Schlësselmomenter vun der Chambre? Wat sinn déi sougenannten "Acquis sociaux", déi fir eis haut selbstverständlech sinn, mee déi et virun net sou laangem nach guer net gouf? A wisou sollten Salariéen sech un de Sozialwalen bedeelegen? D'Nora Back ass säit 5 Joer Präsidentin vun der Chambre des Salariés a vum OGBL, a stellt sech nach eng Kéier...
Published 02/22/24
An dësem Episod schwätze mer mam Claude Cardoso, Conseiller de Direction bei der Chambre des Salariés a Responsabel vum Lifelong Learning Center, ma och mam Julie Prunier a mam Thierry Kreins, allen zwee Formateur*in am LLLC, iwwert den Digital Learning. Wat bedeit Digital Learning genau a wat fir Virdeeler bréngen Online Coursë mat sech? Si hunn eis erkläert, wéi si sech adaptéiere missten a wisou dës Formule hinnen haut méi Flexibilitéit gëtt.
Published 01/04/24
An dësem Episod schwätze mer mat der Juristin Joana Soares Lapeira vun der Chambre des Salariés a mam Charel Donven, Vice-President vun der Studentevertriedung ACEL, iwwert de Sujet Stagekontrakt an de Studentenjob. Wéi ass dat am Aarbechtsgesetz gereegelt an op wat solle Studenten a Studentinne virum Ënnerschreiwe besonnesch gutt oppassen?
Published 08/08/23
An dësem Episod schwätze mer iwwert Harcèlement moral op der Aarbechtsplaz, oder wéi mer och soen, Mobbing. Wat bedeit dat eigentlech konkret a wéi eng Mesure kënnen hei geholl ginn? De Philipp Sischka, Fuerscher vun der Uni.lu am Beräich Aarbechtspsychologie an den David Büchel, Aarbechtspsychologe bei der Chambre des salariés (CSL), ginn eis en Abléck wat alles ënnert de Begrëff Mobbing fällt. D’Nathale Moschetti, Conseillère Juridique bei der CSL, erkläert wat een als Affer vu Mobbing kann...
Published 06/07/23
An dësem Episod schwätze mer iwwert d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer um Aarbechtsmarché. Wat bedeit dat iwwerhaapt hautzedaags, d’Beruffs- a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien? Wéi eng Erausfuerderunge ginn et hei a wéi eng Mesurë gi geholl, fir der Ënnerrepresentatioun vu Fraen entgéint ze wierken? Dofir hunn ech mam Sylvie Lombardi, Presidentin vum Comité à l’égalité vun der Chambre des salariés (CSL) geschwat. Ier d’Emilia Minacapilli, Juristin a Conseillère de Direction bei...
Published 02/09/23
Am Oktober hunn d’Chambre des salariés an d’Gewerkschaften eng Sensibiliséierungscampagne ronderëm d’Plattformwirtschaft lancéiert. D’Nora Back, Presidentin vun der CSL, erkläert, firwat dëst iwwerhaapt noutwenneg ass. EU-Schätzungen no schaffen europawäit iwwer 20 Millioune Persoune fir Plattformen. Dës Zuel wäert sech an den nächste Jore verduebelen, esou den EU-Kommissär Nicolas Schmit. D’EU schafft aktuell un Direktiven, fir dës Persoune besser ze schützen. D’Martine Mirkes, Juristin...
Published 10/28/22
Wéi kann een de Stress reduzéiere respektiv besser domadder ëmgoen? D’Chambre des Salariés bitt hei verschidden Ënnerstëtzungen un. D’Michèle Pisani, Psychologin a Conseillère bei der CSL, gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Owescoursen, Formatiounen an Universitéitscoursen aus dem Beräich Mental Health. A mir kréien en Abléck an d’Aarbecht vum Sonia Neves, si ass Therapeutin a gëtt ënnert anerem Sophrologiecoursen an de Betriber hei zu Lëtzebuerg. Geduecht sinn déi Course fir den eenzele Salarié...
Published 10/19/22
Life long learning, also e liewe laangt léiere gëtt ëmmer méi wichteg. D’Kompetenzufuederunge klammen an d’Beruffer gi méi komplex. Op internationalem Niveau, ginn et och schonn eng Partie Modeller wéi een déi aktiv Bevëlkerung nach besser an hirer Weiderbildung ënnerstëtze kann. D’Chambre des Salariés gesäit nach méi Potenzial dodran, déi speziell Congéen, déi elo scho kënnen ugefrot ginn an Zukunft nach méi flexibel ze notzen a fuerdert, datt den Accès an d’Informatioune ronderëm...
Published 08/04/22
Eng grouss Partie vun eisem Liewe verbrénge mer mat schaffen. Och wann et an éischter Linn drëms geet, Suen ze verdéngen, wëllen a sollen d’Salariéen ënnert adequaten Aarbechtskonditioune schaffen, esou d’Nora Back, Präsidentin vun der Chambre des Salariés (CSL). Dofir befreet d’CSL scho säit 2013 an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an der Etüd Quality of Work Index Luxembourg reegelméisseg Salariéen iwwert hir Aarbechtsbedéngungen a Beschäftegungsqualitéit. D’Aussoen iwwert Mobbing,...
Published 03/29/22
D'Originne vum Luxembourg Lifelong Learning Centre fënnt een am Joer 1971, an hautdesdaags proposéiert den Zenter zesumme mat ville Partneren eng grouss Panoplie u Formatiounen, vun deene bis ewell iwwer 250.000 Leit profitéiert hunn. Den LLLC soll et de Salariéeën erméiglechen, d'Evolutioun vum Aarbechtsmarché net ze verpassen, an hirer Karriär weiderzekommen oder sech berufflech nei z'orientéieren. Mir waren an dräi Owescoursë luussen, fir d'Ambiance anzefänken a bei de Formateuren a...
Published 02/02/22