Description
Transkript:
Reservatioun am Restaurant
Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen?
Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren.
Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift?
Client: Fir muer den Owend um 19 Auer.
Restaurant: An der Rei. Fir wéi vill Persounen?
Client: Fir véier Persounen, wannechgelift.
Restaurant: Sëtzt dir léiwer dobannen oder op der Terrass?
Client: Léiwer dobannen. Kéinte mir en Dësch bei der Fënster kréien, wannechgelift?
Restaurant : Ee Moment, ech kucken… jo, dat geet.
Client: Super, Merci!
Restaurant: Da brauch ech just Ären Numm an eng Telefonsnummer, wannechgelift.
Client: Mäin Numm ass Silva. Meng Telefonsnummer ass 671 57 90 23. Ech hu just eng Fro: Hutt dir och e puer vegetaresch Platen?
Restaurant: Jo, mir hunn op d’mannst eng vegetaresch Optioun pro Gang.
Client: Dat kléngt gutt! An nach eng aner Fro: Meng Frëndin huet eng Glutenintoleranz. Hutt dir och e puer Optiounen ouni Gluten?
Restaurant: Jo, eis glutefräi Plate sinn extra gekennzeechent. Dir kënnt de Menü och op eisem Internetsite kucken.
Client: A, super, da soen ech menger Frëndin dat. Villmools Merci.
Restaurant: Et ass gär geschitt. Bis muer den Owend!
Client: Jo, bis muer!
Telefonat mam Traiteur
A : Gudde Moien, Traiteur ,,Gudden Appetit’’, wéi kann ech Iech hëllefen ?
B : Moien, hei ass Weber. Ech ruffen u well ech eng Feier fir eng Aarbechtskolleegin, déi an d’Pensioun geet, plangen. Ech géif gär bei Iech d’Iessen an e bëssen Ekipement bestellen.
A: Dat kléngt flott! Fir wéi vill Persoune wier et?
B: Ongeféier fofzeg Persounen.
A: An der Rei. Hutt Dir schonn eng Iddi, wat fir en Iessen dir gär bestelle wëllt? Mir proposéiere verschidde Menüen, Buffeten a Fingerfood.
B: Mir hätte gär e Buffet. Et wier gutt, wa fir jiddereen eppes dobäi wier – also eppes Vegetaresches a Veganes, mee och Plate mat Fleesch.
A: Natierlech! Mir kënnen e gemëschte Buffet ubieden, mat waarmen a kale Platen. Zum Beispill: gebrodene Poulet, e Curry mat Tofu, verschidden Zaloten a Bäilage wéi Räis a gebrode Gromperen. Fir den Dessert kënne mir e puer Mini-Desserte proposéieren, zum Beispill Panna Cotta, Uebstzalot a kleng Schockelastäertercher. Wier dat eppes ?
B : Jo, dat kléngt perfekt ! Kéinte mir och e puer Schnittercher kréien ?
A : Jo. Mir proposéiere Schnittercher mat Saumon, Ham a Kéis, an och e puer vegan Häppercher mat Avocado an Hummus. Wéi vill Schnittercher hätt Dir gär?
B: Hmm, et si fofzeg Leit, vläicht zwee oder dräi Schnittercher op de Kapp ?
A : Dat geet an d’Rei. Mir kënnen Iech eng Këscht mat 150 Schnittercher preparéieren. Wëllt Dir och d’Gedrénks bei eis bestellen?
B: Jo, dat wier praktesch. Mir hätte gär platt a Spruddelwaasser, Orangëjus an e puer Softdrinks. Mir këmmeren eis selwer ëm dat alkoholescht Gedrénks.
A: Ok, mir liwweren da just d’Gedrénks ouni Alkohol. Braucht dir och Glieser a Geschier?
B: Jo, wannechgelift. Mir brauchen och e puer Dëscher a Still. Kënnt Dir eis déi och bréngen?
A: Dat ass kee Problem. Wéi vill braucht dir?
B: Mir hätte gär zéng héich Dëscher fir den Apero a genuch Dëscher a Still fir ongeféier fofzeg Leit.
A: An der Rei, et ass notéiert. Braucht Dir och Dëscheldicher oder soss Dekoratioun ?
B : Dëscheldicher wiere super, d’Deko hu mir schonn.
A : Perfekt. Wéini a wou genee ass Är Feier ?
B : D’Feier ass de 25. November an eisem Büro um Boulevard John F. Kennedy. Et wier flott, wann dir moies géint zéng Auer schonn alles opriichte kéint.
A: Dat geet. Hutt Dir soss nach e puer Extrawënsch?
B: Nee, dat ass alles. Villmools Merci fir Är Hëllef!
A: Ganz gär, Madamm Weber. Mir freeën eis, Iech fir Är Feier ze hëllefen. Mir schécken Iech dann an deenen