Episodes
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeder. Fir d'éischt héiere mir en Dialog am Kleederbuttek. Duerno lauschtere mir enger Koppel no, déi hir Wallis fir d'Vakanz péckt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Kleederbuttek Verkeeferin : Gudde Moien ! Wéi kann ech Iech hëllefen ?  Cliente: Moien! Ech sichen e Rack fir op eng Hochzäit.  Verkeeferin: Wat fir eng Faarf soll et sinn?  Cliente: Am léifste blo. Natierlech elegant, a vläicht aus...
Published 06/13/24
Published 06/13/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Mir maachen en Interview mat zwou Persounen, déi eis iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Speakerin : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Bei eis am Studio sinn haut d’Lisa an de Markus, déi eis e bëssen iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.  Lisa : Moien !  Markus : Moien !  Speakerin : Lisa, erziel eis emol fir d’éischt vun...
Published 06/11/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag?  B: Nee, nach net.  A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee mir kënnen hir net all Joer dat selwecht schenken.  B: Ech hu virun e puer Deeg e Video mat den „Top 10 Kaddoe fir Mammendag“ gesinn. Do war eppes Flottes: en Abonnement, fir Blummen ze verschécken!  A: Wat ass dat?  B: Majo, et gi...
Published 06/06/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir erëm iwwer d'Theema Wunnen. Fir d'éischt lauschtere mir e Voice Message, an duerno héiere mir e Gespréich, wou eng Ariichtung beschriwwe gëtt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: 1. Deel Hallo Pit ! Wéi versprach schécken ech dir en Audiomessage, iwwer d’Appartement, dat ech de Moie kucke war. Du weess jo, datt ech scho laang no engem Appartement sichen an et ass wierklech net einfach déi perfekt Wunneng ze fannen. Ech si...
Published 06/04/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Rendez-vous (Date) erzielt (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Ech erzielen iech mol eng witzeg Geschicht. Ech war de leschte Freideg op engem Date. Ech hunn den Typ op enger Dating-App kenne geléiert an ech wëll jo keen no sengem Ausgesi beurteelen, mee hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen. Op de Fotoen hat hie schéi laang Hoer, hie war zimmlech sportlech an huet och...
Published 05/28/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Fir d'éischt héiere mir en Dialog, wou eng Persoun um Telefon iwwer hir Vakanz schwätzt (Niveau A1). Duerno héiere mir eng Koppel, déi eng Vakanz plangt (Niveau A2.2). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Dialog 1: Mamm: Moie Philippe! An, wéi ass et an ärer Vakanz?  Philippe: Super! Haut sinn et 30 Grad an d’Sonn schéngt. Ech gi geschwënn op d’Plage. A wéi ass d’Wieder doheem?  Mamm: Net immens. Hei sinn et...
Published 05/23/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Persoun iwwer de Programm vun hirem Konveniat schwätzt (Niveau A1-A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Denk drun, e Samschdeg ass mäin 20-Joer-Konveniat. Da sinn ech net heiheem.  B: A jo! Wéi ass dann de Programm?  A: De Rendez-vous ass um 10.30 bei der Schoul, mee et fänkt um 11 Auer un. Mir maachen eng Visite guidée vun der Schoul an duerno drénke mir e Patt zesummen. Um 12.30 ass dann en...
Published 05/21/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hiren Dag vu gëschter schwätzen. (Niveau A2.1-A2.2) Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Tranksript: Laure: Moien Alex! An, wéi war däin Dag gëschter?  Alex: Salut! Gutt. Ech si géint néng Auer opgestanen an hu mer direkt eng Taass Kaffi gemaach. Du sinn ech eng Véierelstonn mam Hond trëppele gaang an duerno hunn ech nach eng Stonn Yoga gemaach.  Laure: Wow, dat kléngt no engem relaxe Moien. Ech si...
Published 05/16/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwee Dialoger iwwer d'Gesondheet (Niveau A2.2). Eventuell sinn e puer interessant Rotschléi fir iech dobäi. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Dialog 1 Luca : Moie Melanie, wéi geet et ?  Melanie : O, net esou gutt. Ech mengen, ech hu mech erëm erkaalt.  Luca : O nee, dat deet mer leed. Waars de scho beim Dokter ?  Melanie : Nee, nach net. Ech hu just e puer Pastille fir den Hals geholl.  Luca : Dat ass jo scho...
Published 05/14/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An der Episod vun haut héiere mir, wat en Doktorand a sengem Alldag mécht. Duerno erzielt d'Mara eppes iwwer säin Hobby, Salsa danzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Dagesoflaf vun engem Doktorand Ech stinn normalerweis moies géint sechs Auer op. Ech drénke séier e Kaffi, maache mech fäerdeg a fueren da mam Bus an den INLL. Ech gi véier Mol d’Woch um siwen Auer moies an e Lëtzebuergeschcours. De Cours ass um aacht Auer eriwwer. Dann huelen ech den...
Published 05/09/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Iwwer Akafsgewunnechte schwätzen    Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Mir hunn zwee Invitéen am Studio, d’Sarah an den Thomas.  Sarah: Moien! Merci fir d’Aluedung.  Thomas: Salut! Et freet mech och, hei ze sinn.  Moderatorin: Starte mer direkt mam Theema: Sarah, komm mir fänke mat dir un. Wéi oft gees du...
Published 05/07/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Gesondheet. Fir d'éischt héiere mir e Gespréich beim Dokter an duerno lauschtere mir en Dialog an der Apdikt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Beim Dokter  Rezeptionistin: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?  Patientin: Bonjour. Ech hunn haut e Rendez-vous beim Dokter Weber um 10 Auer.  Rezeptionistin: Kënnt Dir mir wgl. Ären Numm an Äre Gebuertsdatum soen?  Patientin: Jo, natierlech. Mäin Numm...
Published 05/02/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An der Emissioun vun haut schwätze mer iwwer Transportmëttelen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Speakerin: Wëllkomm an eiser Emissioun „Op der Rull“. Mir hunn haut dräi Persounen am Studio, fir iwwert d'Transportmëttelen zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Julie, du bass haut mam Tram an de Studio komm. Ass dat richteg? Julie: Jo. Dat stëmmt. Ech fuere ganz gär mam Tram. Den Tram kënnt all 5 Minutten an ech muss ni am Stau...
Published 04/30/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainéieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’. - - - Transkript: Mir prononcéieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond. Sot eng Kéier „Buch“. An elo [x]. Do wou dir de  [x] produzéiert, produzéiert dir och de [ʀ]. [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng Kéier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] An elo: [ʀ] [ʀ] [ʀ] Elo héiere mir Beispiller an dir widderhuelt:-rout, rosa, richteg, roueg,...
Published 04/25/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Aktivitéiten am Stot. Vill Spaass beim Nolauschteren! - - - Transkript: Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Haut hu mir rëm en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begréissen d’Lisa an de Max am Studio. Si wäerten iech elo iwwer hir Erfarungen am Stot erzielen. Kënnt dir iech kuerz virstellen? Lisa: Moien, ech sinn d’Lisa an ech schaffen als Graphikdesignerin. Ech wunnen eleng an engem Studio a këmmere mech och...
Published 04/23/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hiren Dagesoflaf op der Aarbecht erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dem Emma säin Dag D’Emma erwächt moies géint siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drénkt Kaffi. Normalerweis drénkt hatt eng Taass Téi an ësst e Jughurt mat Uebst a Müsli. Dobäi scrollt hatt meeschtens um Handy a liest d’Neiegkeeten.  Duerno geet hatt zu Fouss op den Tram a fiert op d’Aarbecht....
Published 04/18/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hir Hobbyen erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Lafen Mäin Hobby ass lafen. Ech hunn et immens gär, dobaussen an der frëscher Loft ze trainéieren. Dräimol d’Woch doen ech moies meng Lafschong un a ginn eng hallef bis eng Stonn an de Park oder an de Bësch lafen.   Ech lafen net immens séier, mee dat ass net schlëmm. Esou kann ech ofschalten an e bëssen Zäit fir mech hunn....
Published 04/16/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Fra: O nee... D'nächst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen. Mann: Jo. Ech si schonn e bëssen nervös. Fra: Solle mir zwee zesumme léieren? Mann: Dat ass eng gutt Iddi. Da kënne mir eis gutt preparéieren. Fra: Hues du e Méindeg den Owend Zäit? Mann: E Méindeg? Um wéi vill Auer? Fra: Géint 19:30...
Published 04/09/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir eng speziell Episod fir iech. Mir héieren en traditionellt lëtzebuergescht Rezept: Kniddelen! Vill Spaass beim Nolauschteren (a beim Kachen)! --- Transkript: Yuuka: O nee... Eise Frigo ass jo nach ëmmer eidel! Ben, du wollts dach haut akafe goen. Ben: Ech gi muer de Moien an de Supermarché. Ech hat haut ze vill Aarbecht an ech hat guer keng Zäit. Yuuka: Wat iesse mir dann elo? Ben: Da waart emol... Ech kucken. A... Ech hunn eng Iddi. Mir...
Published 04/02/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Duerno lauschtere mir dem Marielle no, wat eis eppes iwwer seng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: D’Fréijoer Haut schwätze mir e bëssen iwwert d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am Fréijoer maache kann. Vläicht inspiréiert Iech dat, déi eng oder déi aner Aktivitéit...
Published 03/28/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Famill (Niveau A1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Luc: Gudde Moien, mäin Numm ass Luc an ech stellen iech haut meng Famill vir.  Ech sinn zënter 8 Joer bestuet a meng Fra heescht Sandrine. D'Sandrine huet 37 Joer an hatt huet de 27. Abrëll Gebuertsdag. Zesummen hu mir zwee Kanner, de Vinz an d'Lorie.  Meng Elteren heesche Laurence a Jemp. Si sinn 72 Joer al. Mäi Papp ass am Fréijoer gebuer a meng Mamm am...
Published 03/26/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Iessen. Fir d'éischt lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir Iessgewunnechte schwätzen (Niveau A1). Duerno gi mir an de Restaurant a mir lauschteren zwou Persounen no, déi hiert Iesse kommentéieren (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Iwwer Iessgewunnechte schwätzen Max : So Anna, du bass jo Veganerin, oder? Anna : Jo. Ech ernäre mech zanter dräi Joer vegan. Max : Wow ! Dann ëss du bestëmmt...
Published 03/21/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir berufflech a privat Pläng fir d'Zukunft schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Kelly: Moie Gilles! An, wéi leeft et mat dengem Engleschcours? Gilles: Salut! Ma gutt, merci! Ech gi jo dräimol d’Woch an de Cours an hu scho vill Saache geléiert. Et ass awer zimmlech intensiv an ech muss vill doheem léieren. Mee ech wëll onbedéngt an engem Joer fléissend Englesch schwätzen, fir meng...
Published 03/19/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi eppes iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Hobby: Chouer  Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees méi sangen a sichen hei zu Lëtzebuerg e Chouer. Ech hu schonn Erfarung, well ech zu Budapest siwe Joer an enger Chorale war.   Zoé: Jo, ech sinn an der Chorale Florale zu Ierpeldeng. Ech sinn immens frou do! Mir hu Sängerinnen a Sänger vun...
Published 03/14/24