Episodes
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Iessen. Fir d'éischt lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir Iessgewunnechte schwätzen (Niveau A1). Duerno gi mir an de Restaurant a mir lauschteren zwou Persounen no, déi hiert Iesse kommentéieren (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Iwwer Iessgewunnechte schwätzen Max : So Anna, du bass jo Veganerin, oder? Anna : Jo. Ech ernäre mech zanter dräi Joer vegan. Max : Wow ! Dann ëss du bestëmmt...
Published 03/21/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir berufflech a privat Pläng fir d'Zukunft schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Kelly: Moie Gilles! An, wéi leeft et mat dengem Engleschcours? Gilles: Salut! Ma gutt, merci! Ech gi jo dräimol d’Woch an de Cours an hu scho vill Saache geléiert. Et ass awer zimmlech intensiv an ech muss vill doheem léieren. Mee ech wëll onbedéngt an engem Joer fléissend Englesch schwätzen, fir meng...
Published 03/19/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi eppes iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Hobby: Chouer  Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees méi sangen a sichen hei zu Lëtzebuerg e Chouer. Ech hu schonn Erfarung, well ech zu Budapest siwe Joer an enger Chorale war.   Zoé: Jo, ech sinn an der Chorale Florale zu Ierpeldeng. Ech sinn immens frou do! Mir hu Sängerinnen a Sänger vun...
Published 03/14/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod: Mir trainéieren zesummen d'Aussprooch (Prononciatioun) vun de Vokaler. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Lëtzebuergeschen hu mir dës Vokaler: i, u, e, o, a. Dozou gehéieren och d'Ëmlauter mat Treema: a mat Treema: ä, e mat Treema: ë, o mat Treema: ö, u mat Treema: ü. Elo trainéiere mir d'Aussprooch zesummen. Ech soen d'Lauter fir d'éischt an dir schwätzt haart no: i, u, e, o, a, ä, ë, ö, ü. Heiansdo...
Published 03/14/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog tëscht dem Laurent an dem Anne, déi iwwer hir lescht Vakanz schwätzen (Niveau A2.2). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Anne: Hallo Laurent, wéi war deng Vakanz? Du waars dach mat denge Kanner ënnerwee, oder? Laurent: Jo! Mir si fir zwou Woche mam Auto an Holland op d’Küst gefuer. Et war wierklech flott, an d’Kanner hate vill Spaass op der Plage. Anne: Dat kléngt jo super! A wéi war d’Wieder? Laurent: Zimmlech...
Published 03/07/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Fir d'éischt lauschtere mir en Dialog am Hotel, an duerno héiere mir eng Weebeschreiwung am INLL (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Check-in am Hotel Cliente: Gudde Mëtteg! Ech hunn eng Reservatioun op den Numm Hoffmann. Receptionnist: Gudde Mëtteg, Madamm Hoffmann! Wëllkomm am Hotel Schéi Vue. Kann ech Är Carte d’identité gesinn, wannechgelift? Cliente: Jo, kee Problem, hei ass...
Published 03/07/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir fir d’éischt dem Aicha no. Hatt erzielt eis eppes iwwer sech. Duerno héiere mir en Dialog tëscht zwou Persounen, déi sech kenneléieren an e Rendez-vous ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Monolog Moien!  Mäin Numm ass Aicha Ismaali. Ech kommen aus Tunesien, vu Monastir. Ech schwätzen Arabesch, Franséisch an e bëssen Englesch. Zënter dräi Méint léieren ech dräi Mol d’Woch, vun 10.10 bis 11.50, am INLL...
Published 02/29/24
Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Theema Wunnengssich (A2.1). De Marc sicht eng nei Wunneng, an d’Sarah kann him villäicht hëllefen. Vill Spaass beim Nolauschteren!  --- Transkript: Sara: Salut! An, wéi leeft et mat der Wunnengssich? Marc: Hey! Pff, et ass wierklech net einfach. Ech hu schonn e puer Annoncë gekuckt, mee ech fannen einfach net dat Richtegt. Sara: Dat ass awer blöd. Mee ech kann der vläicht hëllefen. E Kolleeg vu mer plënnert deemnächst, an ech...
Published 02/29/24
Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwee Dialoger (Niveau A2.1) op ëffentleche Plazen. Fir d’éischt si mir am Restaurant an duerno op der Bank. Vill Spaass beim Nolauschteren!
Published 02/22/24
Wëllkomm am éischten Episod vun der Poterkëscht! Haut léiert dir e puer nëtzlech Informatiounen, déi dir an ärem Lëtzebuergeschcours gebrauche kënnt. Vill Spaass beim Nolauschteren! Transkriptioun: Hei e puer Sätz, wann d'Apprenantë mam Proff schwätzen: -      Entschëllegt, ech hunn eng Fro. -      Wéi seet een … op Lëtzebuergesch?  -      Wat heescht... ? -      Ech verstinn dat net. -      Kënnt dir dat widderhuelen, wgl.? -      Kann ech eng Kopie kréie wgl.? -      Ech wëll...
Published 02/22/24
D'Poterkëscht kënnt geschwënn.
Published 02/19/24