Vun engem Date erzielen
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Rendez-vous (Date) erzielt (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Ech erzielen iech mol eng witzeg Geschicht. Ech war de leschte Freideg op engem Date. Ech hunn den Typ op enger Dating-App kenne geléiert an ech wëll jo keen no sengem Ausgesi beurteelen, mee hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen. Op de Fotoen hat hie schéi laang Hoer, hie war zimmlech sportlech an huet och grouss ausgesinn.   Mir hunn eis um 19:30 bei engem Restaurant getraff a wéi ech hie scho vu Wäitem gesinn hunn, war ech schockéiert! Hien huet guer net esou ausgesi wéi op de Fotoen ... Hien hat eng Glatz a war méi kleng wéi ech! Mee ëmmerhi war e sportlech. Ech war wierklech rosen an enttäuscht, mee ech sot mer, dass e jo vläicht e gudde Charakter huet.   Wéi mer bis am Restaurant souzen a geschwat hunn, ass mer direkt opgefall, dass hien immens sympathesch, intelligent a witzeg ass. Ech hunn deen Owend wierklech vill gelaacht.   No eisem Owend hunn ech decidéiert, deem Ganzen nach eng Chance ze ginn a mir treffen eis d’nächst Woch, fir zesumme Schlittschong fueren ze goen. 
More Episodes
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt...
Published 06/25/24
Published 06/25/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: De Summer Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten...
Published 06/20/24