Eng schlecht Vakanz
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt gelauschtert. Deng Vakanz kléngt jo wonnerbar! Ech si frou, dass de dech erhuele konnts!  Eis Vakanz war bis elo leider net esou flott… Als alleréischt gouf eise Fluch annuléiert, well de Fliger eng technesch Pann hat. Mir hunn du missen 8 Stonnen zu Frankfurt um Fluchhafe waarden. Wéi mir zu Punta Cana ukoumen, hu mir immens laang op eist Gepäck gewaart, mee et ass net komm. Si haten eis Wallissen net verluer, mee se waren nach zu Frankfurt. Du si mir ouni Gepäck an den Hotel geféiert ginn.  Mir hunn eis direkt eng nei Tenue, Ënnerwäsch, e Pyjama, an e Maillot an eng Schwammbox an engem Buttek am Hotel kaf. Den Hotel ass flott, mee leider si mir direkt den zweeten Dag krank ginn. Mir hunn d’Iessen net verdroen. Ech hat glécklecherweis Medikamenter a mengem Handgepäck, mee mir louchen trotzdeem zwee Deeg krank am Bett.  Wéi mir nees gesond waren, wollte mir en Auto lounen, fir d’Insel kucken ze goen, mee eis Visaskaarten hunn net fonctionéiert a mir hunn nees missen zréck an den Hotel goen. Dunn ass mer deen Dag nach eppes Blödes geschitt! Ech si bei der Piscine ausgerutscht an hu mer de Fouss verstaucht! De Philippe féiert mech elo iwwerall mam Rollstull wéi eng Kinnigin. Ech kann zwar elo keen Tourismus méi maachen, mee Haaptsaach ech kann nach an der Piscine leien, et sinn nämlech all Dag ëm déi 37 Grad! Eis Bagagë si gëschter ukomm. Ech hoffen, et geschitt déi nächst Deeg näischt méi a mir kënnen eis Vakanz nach e bësse genéissen. Sou, dat war et! Bis d’nächst Woch! Ech freeë mech schonn dech erëmzegesinn! Kussiii 
More Episodes
Transkript: Reservatioun am Restaurant Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen?  Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren.  Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift?  Client: Fir muer den Owend um 19 Auer.  Restaurant: An...
Published 11/12/24
Published 11/12/24