Fréijoer a Liblingsplaz zu Lëtzebuerg
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Duerno lauschtere mir dem Marielle no, wat eis eppes iwwer seng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: D’Fréijoer Haut schwätze mir e bëssen iwwert d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am Fréijoer maache kann. Vläicht inspiréiert Iech dat, déi eng oder déi aner Aktivitéit auszeprobéieren. Am Fréijoer ass et normalerweis net méi esou kal an et reent och manner wéi am Hierscht. Am Fréijoer sinn et ëm déi 15 Grad an et kann een och vill Aktivitéiten dobausse maachen. Wann een an der Stad bleiwe wëll, da kann ee sech am Bicherschaf e Buch ausléinen an an e Park liese goen. An der Stad gëtt et e puer ganz schéi Parken, wou een och picknicke goe kann, wéi zum Beispill den Neumans Park, de Märeler Park oder d’Kinnekswiss. Et kann een awer och spadséiere goen an déi verschidde Weeër, wéi zum Beispill de Wenzelstour an der Stad entdecken. Bei dësen Trëppeltier gesäit ee vill wichteg Deeler vun der Stad, wéi zum Beispill d’Kasematten, al Deeler vun der Festung, de Gronn asw.  Wann ee raus aus der Stad wëll, da kann een och an der Mëllerdall wandere goen. Do gëtt et vill verschidde Wanderweeër a se sinn och all immens gutt gekennzeechent, sou dass ee sech net verléiere kann. Oder, wann ee gär Mountainbike fiert, da kann een am Minett déi verschidde Weeër vum RedRock Mountainbike Trail ausprobéieren. Sou kann een de Süde vu Lëtzebuerg entdecken.   Meng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg Meng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg ass op der Musel, zu Réimech. Ech fueren op d’mannst ee Mol de Mount mat mengem Mann op Réimech, fir do laanscht d’Musel spadséieren ze goen. Duerno gi mir normalerweis eng Taass Kaffi an e Café op d’Esplanade drénken oder, wann d’Wieder gutt ass, op d’Terrass vun enger Kellerei a schmaachen hire Wäin. Wa mir Besuch vu Frënn oder vun der Famill aus eisen Heemechtslänner Polen an Argentinie kréien, da fuere mir ëmmer mat hinne mam Schëff „MS Princesse Marie-Astrid“ op der Musel hin an hier. D’Vue op d’Wäibierger ass fir mech dat Schéinst!
More Episodes
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt...
Published 06/25/24
Published 06/25/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: De Summer Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten...
Published 06/20/24