Den Aarbechtsalldag
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hiren Dagesoflaf op der Aarbecht erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dem Emma säin Dag D’Emma erwächt moies géint siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drénkt Kaffi. Normalerweis drénkt hatt eng Taass Téi an ësst e Jughurt mat Uebst a Müsli. Dobäi scrollt hatt meeschtens um Handy a liest d’Neiegkeeten.  Duerno geet hatt zu Fouss op den Tram a fiert op d’Aarbecht. Hatt brauch ongeféier zwanzeg Minutten. Säi Büro ass um Kierchbierg. Hatt schafft bis mëttes, mee hatt mécht all Dag géint zéng Auer eng Kaffispaus. An der Mëttesstonn geet hatt meeschtens mat Aarbechtskolleegen an d’Kantin iessen. Nomëttes huet hat oft Reunioune mat Clienten oder hatt schafft u Rapporten.   No der Aarbecht geet hatt entweeder an de Lëtzebuergeschcours oder hatt trëfft sech mat Frënn. Zesumme gi si oft an d’Stad eppes drénken oder an de Park spadséieren, wann d’Wieder gutt ass. Eemol d’Woch geet hatt mat enger Frëndin an e Yogacours.  Hatt ass meeschtens géint siwen Auer erëm doheem a preparéiert dann d’Owesiessen. Heiansdo bestellt hatt sech och eppes, zum Beispill Sushi oder eng Pizza. Hatt läit owes gär nach e bëssen um Kannapee fir z’entspanen a kuckt eng Serie op der Tëlee oder telefonéiert mat senger Famill.   Géint zéng Auer geet hatt an d’Buedzëmmer. Hatt hëlt nach schnell eng Dusch a botzt seng Zänn, deet de Pyjama un a geet spéitstens um eelef Auer schlofen.  Dialog: den Aarbechtsalldag Anna: Hey... Wat ass lass? Geet et dir gutt? Tom: Jo. Mee muer ass Méindeg an ech muss erëm schaffe goen. Anna: Erziel mir emol vun denger Aarbecht. Wéi ass de Programm vun dengem Dag? Tom: Muer de Moie rabbelt mäi Wecker um 6:30 Auer. Dann drénken ech eng Taass Kaffi an iessen zwou Schmieren. Um 7:20 Auer huelen ech de Bus an um 7:50 Auer sinn ech um Büro. Als éischt maachen ech mäi Computer un an da liesen a beäntweren ech meng E-Mailen. Vun 9:00 bis 10:00 Auer telefonéieren ech mat Clienten. Duerno maachen ech ëmmer eng kleng Paus an drénken eng Taass Kaffi virun der Dier. Ech si gär 10 Minutten dobaussen an der frëscher Loft. Anna: A wat méchs du no der Paus? Tom: Da ginn ech bei mäi Chef an de Büro e puer Dossiere sichen. Dann hunn ech genuch Aarbecht bis 12:00 Auer. An der Mëttesstonn ginn ech meeschtens mat e puer Aarbechtskolleegen iessen. Méindes iesse mir normalerweis an der Kantin. Um 13:00 Auer hunn ech dann eng Reunioun mat mengem Chef a mir schwätzen iwwert d'Dossiere vu moies. D'Reunioun dauert ongeféier eng Stonn. Duerno schreiwen ech ëmmer direkt e klenge Rapport. Wann ech mam Rapport fäerdeg sinn, schécken ech e mengem Assistent. Dee mécht da Kopië vum Rapport a klasséiert alles. An där Zäit ruffen ech nach e puer Clienten un an ech huele mir Notten, fir d'Reunioun en Dënschdeg ze preparéieren. Anna: Du hues wierklech vill Aarbecht. Tom: Jo. An ech sëtze vill. Dat hunn ech net gär. Anna: Wëlls du da muer no der Aarbecht lafe goen? Tom: Mat dir? Anna: Majo. Tom: Dat ass eng gutt Iddi! An duerno gi mer eppes Guddes iessen an e Patt drénken. Anna: Solle mir nom Iessen nach an de Kino goen? Tom: Ganz gär. Merci Anna! Elo sinn ech motivéiert fir muer schaffen ze goen. Anna: Dat ass gutt! Da sinn ech frou!
More Episodes
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt...
Published 06/25/24
Published 06/25/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: De Summer Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten...
Published 06/20/24