Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
---
Transkript:
Fra: O nee... D'nächst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen.
Mann: Jo. Ech si schonn e bëssen nervös.
Fra: Solle mir zwee zesumme léieren?
Mann: Dat ass eng gutt Iddi. Da kënne mir eis gutt preparéieren.
Fra: Hues du e Méindeg den Owend Zäit?
Mann: E Méindeg? Um wéi vill Auer?
Fra: Géint 19:30 Auer.
Mann: Dat geet leider net. Meng Fra huet dann e Yogacours. Ech muss dann doheem sinn, fir d'Kanner an d'Bett ze leeën.
Fra: Hues du en Dënschdeg no der Aarbecht Zäit?
Mann: Jo. Dat geet. Ech fänken da moies um 7:00 Auer mat schaffen un. Da kann ech schonn um 16:00 Auer mat schaffen ophalen.
Fra: Perfekt. Wou treffe mir eis?
Mann: Solle mir an „d'Märeler-Stuff“ goen? Dat ass en neie flotte Café am Park, zu Märel.
Fra: Et ass bestëmmt flott do. Mee, ech mengen et ass net roueg am Café.
Mann: Dat ass richteg. Solle mir an d'Mediathéik vum INLL goen?
Fra: Jo, firwat net? Se ass bis 19:00 Auer op.
Mann: Tipptopp. Treffe mir eis direkt um 16:15 Auer an der Mediathéik?
Fra: Schaffs du net um Boulevard Royal?
Mann: Dach.
Fra: Ech och. Da komm mir huelen den Tram zesummen, um 16:05 Auer.
Mann: Ganz gär.
Fra: Super. Bis en Dënschdeg dann! A vergiess däi Buch net!Mann: Ech probéieren. Allez... Äddi! Bis en Dënschdeg.
Transkript:
Reservatioun am Restaurant
Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen?
Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren.
Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift?
Client: Fir muer den Owend um 19 Auer.
Restaurant: An...
Published 11/12/24