De Charakter: Stärenzeechen
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Stärenzeechen an déi verschidde Charaktereegenschafte vun de Stärenzeechen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Laura: So, Julie, weess du zoufälleg, wat de Max am Horoskop ass? Du kenns dech jo esou gutt domat aus.  Julie: Jo, hien huet den 10. Februar Gebuertsdag, dofir ass hie Waassermann. An dat passt gutt bei hien: hien ass éischter onkonventionell, an ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt.  Laura: Dat stëmmt! Hien ass wierklech originell an huet déi verrécktsten Iddien. A wat ass mat denger Frëndin, dem Anouk? Wat fir e Stärenzeechen huet hatt?  Julie: D’Anouk ass e Stéier. De Stéier ass ganz gedëlleg a buedestänneg. Ech fannen, datt dat gutt zoutrefft. Wat mengs du?  Laura: O jo, total! D’Anouk ass ëmmer immens roueg an entspaant, esouguer a stressege Momenter. Hatt ass wierklech en typesche Stéier. A wat ass mam Tom, eise Matbewunner?    Julie: Den Tom ass en Zwilling. Hien ass ganz gespréicheg an huet vill verschidden Interessien. Ech fannen, dat passt och gutt bei hien.  Laura: Jo, definitiv. Den Tom ka mat jidderengem schwätzen an interesséiert sech fir esou vill Saachen: Vëlo fueren, Schach spillen, baken, Dokumentarfilmer … Et ass wierklech interessant, wéi d’Stärenzeechen heiansdo total bei d’Leit passen, fënns de net?  Julie: Op alle Fall! Mee et stëmmt awer net ëmmer. Kuck emol meng Schwëster, d’Lisa. Hatt ass Skorpioun. De Skorpioun ass leidenschaftlech an intensiv. Fënns du, datt dat bei hatt passt?  Laura: Nee, éischter net. Ech hätt net geduecht, datt d’Lisa e Skorpioun ass. Hatt ass jo éischter méi roueg an zeréckhalend. Mee bei mengem Brudder ass et och esou. Hien ass Léiw, mee hien ass alles anescht wéi dominant an extrovertéiert. Hien ass éischter de Géigendeel dovun : schei an introvertéiert !  Julie: Wat beweist eis dat? Stärenzeeche sinn zwar interessant, mee ob se wierklech stëmmen, dat ass eng aner Saach.  Laura : Do hues de Recht. 
More Episodes
Published 06/27/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt...
Published 06/25/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: De Summer Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten...
Published 06/20/24