Transportmëttelen zu Lëtzebuerg
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An der Emissioun vun haut schwätze mer iwwer Transportmëttelen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Speakerin: Wëllkomm an eiser Emissioun „Op der Rull“. Mir hunn haut dräi Persounen am Studio, fir iwwert d'Transportmëttelen zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Julie, du bass haut mam Tram an de Studio komm. Ass dat richteg? Julie: Jo. Dat stëmmt. Ech fuere ganz gär mam Tram. Den Tram kënnt all 5 Minutten an ech muss ni am Stau stoen. Dat ass super! Ayesha: Jo. Dat ass wierklech immens positiv. Ech fueren all Dag mam Zuch schaffen. Ech sinn och frou fir kee Stau ze hunn. Den Zuch kënnt awer leider oft ze spéit. A moies si ganz vill Leit am Zuch. Dat ass net esou flott. Speakerin: Thierry, wéi fiers du dann op d'Aarbecht? Thierry: Ech wunnen zu Réimech. Do hu mir keen Zuch an d'Busverbindunge sinn och net immens. Ech kréie just all hallef Stonn e Bus fir an d'Stad. Speakerin: Dat heescht... Du fiers da meeschtens mam Auto. Thierry: Jo. Dat ass definitiv méi praktesch fir mech. Speakerin: Hues du dann oft Stau? Thierry: Jo. Owes ass ëmmer ganz vill Trafick. Heiansdo schaffen ech just bis 15:30 Auer. Da kommen ech ouni vill Stau heem. Ayesha: All Dag am Verkéier stoen ass schrecklech! Am Zuch sëtzt ee gutt an ech si frou, dass ech all Moien e Buch ka liesen. Julie: Dat ass flott. Meng Distanze mam Tram sinn ëmmer kuerz an ech kann net ëmmer sëtzen, wa vill Leit matfueren. Ech hunn awer all Dag meng Kopfhörer un an ech lauschtere Musek oder en neie flotte Podcast. Speakerin: Thierry, wéi ass et da mam Parking? Du fiers jo mam Auto schaffen. Thierry: Dat ass kee Problem. Ech fannen ëmmer eng Parkplaz um Glacis. Just am Summer, wann d'Schueberfouer ass, ass et komplizéiert mam Parking. Da fueren ech meeschtens mam Bus op d'Aarbecht. Dann ass jo och Grouss Vakanz an et ass vill manner Trafick. Da brauch de Bus och net esou laang bis an d'Stad. Julie: Am Summer fueren ech och heiansdo mam Vëlo schaffen. Ech maachen dat gär. Speakerin: Villmools Merci dir dräi fir är Temoignagen! Ech mierken, dass jidderee vun iech vum ëffentlechen Transport profitéiert. Mir hu wierklech Chance, dass den ëffentlechen Transport hei zu Lëtzebuerg zënter Mäerz 2020 gratis ass.
More Episodes
Published 09/26/24
Published 09/18/24