De Summer an Nationalfeierdag
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: De Summer Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten oder Fester, déi et zu Lëtzebuerg am Summer ginn. Vläicht inspiréiert Iech dat, dat eent oder dat anert auszeprobéieren. Am Summer ass et meeschtens waarm an et kënne bis zu 35 Grad ginn. Wann et esou waarm ass, da gi ganz vill Leit op de Stauséi, d’Baggerweieren oder den Iechternacher Séi. Op dëse Plaze kann een net nëmme schwamme goen, mee et kann een och Stand-Up Paddle maachen, mam Kayak oder mam Kanu fueren, an natierlech och just chillen. Et kann een och picknicke goen oder eventuell grillen, mee da muss een oppassen, dass et net verbueden ass. Wann een an der Stad bleiwe wëll, da kann een och relax an d’Uewerstad eppes drénke goen. Do gëtt et eng Rei vu Caféë mat Terrassen, déi bis owes spéit op sinn. Wärend dem Dag, a wann et net alt ze waarm ass, kann een och op de Kierchbierg bei d’Coque goen, Petanque spillen an eppes Guddes, Kales drénken.  Eng flott Plaz fir d’Kanner ass den Escher Déierepark. Hei kann ee verschidden Déiere gesinn an och fidderen. Do gëtt et souguer Bamhaiser, an deenen ee schlofe kann. Dat ass e flott Erliefnes fir d’Kanner.   An da gëtt et natierlech och nach d’Schueberfouer am August, wou ee lëtzebuergesch Spezialitéiten,  wéi Gromperekichelcher oder Eisekuchen, iessen oder op déi verschidde Spiller goe kann. Dat ass och ëmmer eng gutt Occasioun, fir no der Aarbecht Kolleegen ze gesinn.  Nationalfeierdag A: Salut Chiara. Wéi geet et dir?  B: O alt esou... Wéi s du héiers, hunn ech mech erkaalt.  A: Dann hoffen ech, dass de fir de Weeekend erëm fit bass. Et ass esou vill lass an ech ka mech net entscheeden. Wat hues du da fir de Weekend geplangt?  B: Ech maachen näischt Extraes.  A: A sou? E Sonndeg, also den 23. Juni ass zu Lëtzebuerg Nationalfeierdag, mee mir feiere schonn den Owend virdrun, also den 22. Juni.  B: Ass Nationalfeierdag ëmmer sonndes am Juni?   A: Nee, et ass ëmmer den 23. Juni. Dëst Joer fält et op e Sonndeg.  B: A firwat ass Nationalfeierdag den 23. Juni? Wat feieren d’Lëtzebuergerinnen an d’Lëtzebuerger dann?  A: Haha, jo, dat ass eng witzeg Geschicht. Mir feieren offiziell Groussherzogsgebuertsdag, also de Gebuertsdag vum Groussherzog, vum Grand-Duc.  B: Wat ass dann do witzeg?  A: De Grand-Duc Henri huet net den 23. Juni Gebuertsdag, mee de 16. Abrëll.  B: Dat heescht, den Datum vun Nationalfeierdag ännert net mat all Grand-Duc oder Grande-Duchesse?  A: Genee! Mee, et ass och witzeg, well et hat nach ni e Grand-Duc oder eng Grande-Duchesse den 23. Juni Gebuertsdag!  B: Wat gelift? Elo verstinn ech guer näischt méi!  A: D’Grande-Duchesse Charlotte, dem Grand-Duc Henri seng Groussmamm, hat den 23. Januar Gebuertsdag. Si war bis 1964 Grande-Duchesse.  Hire Jong, de Grand-Duc Jean, hat de 5. Januar Gebuertsdag. Duerfir hu si 1961 aus klimatesche Grënn decidéiert, datt mir den 23. Juni Feierdag hunn. Mee mir feiere schonn den 22. Juni a mir feieren an den 23. Juni eran.  B: Interessant! Awer wierklech och witzeg! Wat méchs du dann den 22.?  A: Mir ginn an d’Stad. Mir ginn de Fakelzuch kucken, well eist Lina mat de Scoute matgeet. Duerno gi mir eppes iessen a kucken d’Animatiounen an der Stad. Et kann een och op ville Plaze Concerte lauschteren. Um 23.00 ass dann d’Freedefeier bei der Gëlle Fra.  B: Dat heescht, et ass just an der Stad eppes lass?  A: Nee nee, et gëtt am ganze Land Evenementer. Du fënns bestëmmt online Infortmatiounen doriwwer, wat bei dir an der Géigend lass ass.  B: A wat méchs du den 23. Juni?   A: Moies kucke mir d’Zeremonie an der Philharmonie an d’Militärparad an der Stad op der Tëlee. Duerno komme meng Eltere bei eis
More Episodes
Published 06/27/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt...
Published 06/25/24
Published 06/25/24