Iwwer Veräiner schwätzen
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Mir maachen en Interview mat zwou Persounen, déi eis iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Speakerin : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Bei eis am Studio sinn haut d’Lisa an de Markus, déi eis e bëssen iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen.  Lisa : Moien !  Markus : Moien !  Speakerin : Lisa, erziel eis emol fir d’éischt vun dengem Veräin. A wat fir engem Veräin bass du aktiv, a wat maacht dir do alles?  Lisa: Ech si Member an engem Turnveräin. Mir treffen eis zwee Mol d’Woch an der Sportshal vun eisem Lycée. Do maache mir verschidden Turnübungen an danzen zesummen.   Speakerin: Dat kléngt spannend. Wéini trefft dir iech dann ëmmer?  Lisa: Mir treffen eis méindes an donneschdes vu 16 bis 18 Auer, no der Schoul.  Speakerin : Wat gefält dir da besonnesch gutt un dengem Veräin?  Lisa: Villes! Ech fannen et flott, datt ech mech no der Schoul e bësse bewegen an nei Leit aus anere Klasse besser kenneléiere kann. Et mécht mir och Spaass, nei Turnübungen ze léieren an u Competitiounen deelzehuelen.  Speakerin: Ginn et och Nodeeler?  Lisa: Jo, heiansdo ass et ustrengend, no der Schoul nach op den Training ze goen, virun allem, wann ech och nach fir eng Prüfung léiere muss.  Speakerin: Merci, Lisa! Elo zu dir, Markus. A wat fir engem Veräin bass du?  Markus: Ech sinn an engem Schachveräin. Mir treffen eis eemol d’Woch an engem klenge Café. Do spille mir Schach a léieren nei Strategien.  Speakerin: Wéini maacht dir dat?  Markus: Mir treffen eis ëmmer mëttwochs um siwen Auer owes. Heiansdo bleiwe mir esouguer bis zéng Auer do, wann et eng besonnesch spannend Partie ass!  Speakerin: A wat gefällt dir extra un dengem Veräin?  Markus: Mir gefält déi roueg Atmosphär an den Challenge, fir sech am Schachspill ze verbesseren. Ausserdeem hunn ech och vill nei Leit kennegeléiert.  Speakerin: Ginn et och Saachen, déi dir manner gutt gefalen?  Markus: Heiansdo dauert eng Partie ganz laang, an dat ass ustrengend, wann ee schonn de ganzen Dag geschafft huet. An natierlech, wann ee verléiert.  Speakerin: Dat kann ech verstoen. Merci, Markus a Lisa. Et war interessant, vun äre Veräiner ze héieren. Vläicht hutt dir jo eis Nolauschterer motivéiert, sech och iwwer Veräiner an hirer Gemeng z’informéieren. Nach e schéinen Dag!  Lisa: Äddi!  Markus: Äddi! 
More Episodes
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeder. Fir d'éischt héiere mir en Dialog am Kleederbuttek. Duerno lauschtere mir enger Koppel no, déi hir Wallis fir d'Vakanz péckt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Kleederbuttek Verkeeferin : Gudde Moien ! Wéi...
Published 06/13/24
Published 06/13/24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag?  B: Nee, nach net.  A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee mir kënnen hir net all Joer dat selwecht...
Published 06/06/24