Akafsgewunnechten
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Iwwer Akafsgewunnechte schwätzen    Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Mir hunn zwee Invitéen am Studio, d’Sarah an den Thomas.  Sarah: Moien! Merci fir d’Aluedung.  Thomas: Salut! Et freet mech och, hei ze sinn.  Moderatorin: Starte mer direkt mam Theema: Sarah, komm mir fänke mat dir un. Wéi oft gees du akafen a wou keefs du am léifsten an?  Sarah: Also ech ginn ongeféier zweemol d’Woch akafen. Meeschtens ginn ech an e klenge Supermarché a mengem Quartier, well dat praktesch ass an ech do alles fannen, wat ech brauch.  Moderatorin: Ech verstinn. A wat keefs du normalerweis? Ginn et bestëmmt Saachen, déi ëmmer op denger Akafslëscht stinn?  Sarah: Jo, definitiv. Als Jonggesellin kachen ech oft fir mech eleng, also kafen ech vill frëscht Uebst a Geméis, mee och heiansdo preparéiert Platen fir wann et muss séier goen. Ech brauch och ëmmer Kaffi an e puer Séissegkeeten.  Moderatorin: Dat kléngt no enger gudder Balance. Thomas, wéi gesäit et bei dir aus?   Thomas: Ech hunn eng grouss Famill, dofir ass et heiansdo e bësse stresseg. Mee mir hunn eise Rhythmus fonnt a mir ginn eemol d’Woch alleguer zesummen akafen, normalerweis samschdes, well do jiddereen Zäit huet. Mir gi léiwer a grouss Supermarchéen, well mir do alles an enger Kéier kafe kënnen.  Moderatorin: Dat kléngt jo no enger gudder Strategie. Wat steet dann normalerweis bei iech op der Akafslëscht?  Thomas: Mat dräi Kanner doheem brauch ee relativ vill! Mir kafen ëmmer frëscht Uebst a Geméis, Mëllechprodukter, Fleesch an natierlech och Snacke fir d’Kanner. Mir passen och drop op, ëmmer genuch an der Reserv ze hunn, wa mir emol spontan Besuch hunn.  Moderatorin: Dat ass net schlecht! Eng Fro un iech zwee: Firwat ass et iech wichteg, bestëmmt Produiten ze kafen?   Sarah: Ech passe virun allem dorop op, datt d’Saache gesond, mee och einfach ze preparéiere sinn. Dofir kafen ech ëmmer Uebst a Geméis. D’fäerdeg Plate si fir déi Deeg, wou ech owes spéit heemkommen a mir net nach laang e Kapp maache  wëll, wat ech kache soll.  Thomas: Bei eis steet d’Famill am Mëttelpunkt. Eis ass et wichteg, datt jidderee sech gesond ernäert. Et mécht eis och vill Spaass, zesummen ze kachen an z’iessen. Do si mir all zesummen a kënnen iwwer eisen Dag schwätzen.  Moderatorin: Schéin. Merci, datt dir e puer Abléck an är Akafsgewunnechte mat eis gedeelt hutt. Mee éier mir äddi soen, hutt dir nach e lescht Wuert oder en Tipp fir eis Nolauschterer?  Sarah: Probéiert, eng Lëscht ze maachen, éier dir akafe gitt. Esou hutt dir en Iwwerbléck a kaaft just dat, wat dir och braucht.  Thomas: An informéiert iech, wat de Moment an der Reklamm ass – esou kënnt dir e puer Euro spueren, virun allem, wann dir grouss Quantitéite kafe musst!  Moderatorin: Merci fir är flott Rotschléi. Bis déi nächst Kéier! 
More Episodes
Transkript: Reservatioun am Restaurant Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen?  Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren.  Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift?  Client: Fir muer den Owend um 19 Auer.  Restaurant: An...
Published 11/12/24
Published 11/12/24