Episodes
Déi fréier Nummer 5 am Tennis wunnt zu Lëtzebuerg an erënnert un schéin a schwéier Momenter a firwat hien e grousse Verschläiss u Racketten hat
Published 11/23/24
De Kach mat Hutt a President vum VATEL Club, deen och 'Champion am Gromperepüree' ass an 2012 'cuoco dell’anno' an Italien war
Published 11/16/24
D'Caroline Mart huet als éischt Journalistin an der RTL Redaktioun Pionéieraarbecht geleescht an an hirer Karriär vill erlieft och hannert de Kulisse
Published 11/08/24
Bekannt vun däitscher TV, well hien eng kleng Zündschnouer huet. Hien reegt sech op bei 'Ab ins Beet!' 'Grill den Henssler' oder 'Let's Dance'
Published 10/26/24
Wat d'Stater Buergermeeschtesch als Kand gestëbst huet, firwat se griichesch kann a wat se privat bedauert. Si spillt e Stéck um Piano an zielt e Witz
Published 10/19/24
40 Joer huet hien als Butler vum Grand-Duc trei gedéngt an zielt iwwer d'Kinnigin Sofia an de Kachkéis an den Albert vu Monaco an d'Schmieren
Published 10/12/24
Déi 4 Buschtawen stinn bei der Jugend fir Party a gutt Stëmmung. Awer wien ass deen DJ, wéi koum en derzou a wat kann ee sech nach alles vun him erwaarden?
Published 10/05/24
De Bodyguard zielt wéi et ass, säin Liewen ze riskéieren un der Säit vun engem Gerhard Schröder, Helmut Kohl oder der Angela Merkel.
Published 09/28/24
Politesch stoung hien ëmmer an der éischter Rei. Wéi kuckt en zréck op Meetingen mat Kohl, Trump, Putin a Mario Barth a wéi kritt hien seng Zäit elo ëm?
Published 09/21/24
D'Kannersendung '1, 2 oder 3' huet d'Biggi Lechtermann bekannt gemaach. D'Wéi vun hirem Succès stoung awer an der Villa Louvigny bei 'Radio Luxemburg'
Published 09/14/24
D'Sonndeskand iwwer seng Zäit als Chamberpresident, Minister a Grillmeeschter, Baler am Éislek, d'Roberta Metsola a firwat hien den 'Tiger' genannt gëtt
Published 07/20/24
Déi fréier Buergermeeschtesch an Deputéiert iwwer hier Zäit als éischt Madamm Télévie, e Stalker a wéi streng et bei de Schwësteren um Fieldgen war
Published 07/13/24
Wéi tickt de fréieren Direkter vun der 'Inspection générale des finances' deen een gär mam 'Rapport Waringo' a Verbindung bréngt
Published 07/06/24
TV-Produzentin vum Mini Plus, Häppi Diwwi, Planet RTL, Kanna Tivi an dem RTL Famillenduell iwwer Héichten an Déiften an den Oliver Bierhoff
Published 06/29/24
D'Directrice vun der 'Stëmm vun der Strooss' iwwer Aarmut, Gréisst, Piano, den Internat, Journalismus, Finanzen, gebrachen Häerzer an den éischten Date
Published 06/22/24
Den Illusionist iwwer: 25 Joer Karriär, Las Vegas, den Uri Geller, Siegfried a Roy, säin Undriff, Schéinheetsoperatiounen, a säin trageschen Accident
Published 06/15/24
De Filmkritiker iwwer: säin Virnumm, Autoen a Vëloen, den Utopia, d'Helene Fischer, Popcorn an den Andy Bausch
Published 06/08/24
De jonke Pensionnaire iwwer schéin Joren als Gittarist bei 'Chapter II', seng Zäit als Direkter vum 'Luxembourg City Tourist Office' a flott Renconteren
Published 05/25/24
Iwwer Tréinen, kuerz Hoer, d'Elteren, plakeg Kazen, Osteopathen, Hotelszëmmeren, grouss Bananne, e Sonnebrand an d'Enttäuschung bei 'The Masked Singer'
Published 05/18/24
d'Cheffin vun enger Brauerei iwwer den Optrëtt als Gënzekinnigin, dass se bal Ministesch ginn war a wéi e Glas Béier hier d'Liewen gerett huet
Published 05/11/24
Viru 40 Joer war hien eent vun den éischte Gesiichter vun RTL plus, als Sänger huet hien mam Frank Farian geschafft a war Auteur bei '7 Tage, 7 Köpfe'
Published 05/04/24
Vun der Spraybéchs bei de Pinsel. Mir héieren dass säin Liewen zweemol op der Kipp stoung a firwat näischt aus der Karriär vum Stripper ginn ass
Published 04/27/24
Den 29. Juli 1977 huet alles ugefaangen. Do huet e klengt Meedchen vun Éileng op der Mess e Fouss an d'Villa Louvigny gesat, a mat 12 Joer Radio gemaach
Published 04/20/24
D'Koppel liwwert d'Geheimnis vun hirem Gléck, awer och den Doud war en Thema, seng voll Hoer, den Handy, Fleesch, kal Féiss an d'Lëtzebuerger Wéngerten
Published 03/30/24