Description
Forrest Gump, e Filmklassiker deen de Public op eng subtil Aart a Weis duerch dräi Joerzéngten USA-Geschicht féiert. De Schauspiller Tom Hanks spillt d'Haaptroll an dësem aussergewéinleche Wierk. Elo, 30 Joer méi spéit, kuckt de Pit Biwer op d'Produktioun zeréck an erkläert de Succès vum Film, deen ënnert Anerem ënnert enger gudder Ambiance gedréit gouf.
Las Vegas zitt net nëmmen d'Formel 1 Elite un, mee och Hollywood Staren. An der Stad vun de schnelle Decisioune louch de Rekord bei der Britney Spears mat 55 Stonnen Bestietnes, dem Nicolas Cage seng Las Vegas Léift huet véier Deeg gedauert, an den Elvis selwer huet sech hei 1967 mat der...
Published 11/21/24
Den Al Pacino fuerdert d'Regisseuren op, d'Aarbechtsstonne vun de Schauspiller ze reduzéieren. Den Tom Hanks huet e Privatkach engagéiert. An d'Gediechtnes vum Martin Sheen ass net ëmmer dat bescht. Den Hollywood-Reporter Pit Biewer.
Published 11/17/24