Episodes
Jennifer Lopez, Lady Gaga, Rihanna oder och Beyoncé si Sängerinnen déi et vun der Bün bis virun d'Kamerae gepackt hunn. Där gëtt et der nach. Ma wien hei wëll Fouss faassen, dee muss sech gutt preparéieren. Whitney Houston hat do eng speziell Manéier fir sech op de Film Bodyguard virzebereeden, wéi de Pit Biwer weess. 
Published 06/13/24
Published 06/13/24
Ëmmer nees kritt de Pit Biwer déi grouss Hollywoodstare virun de Mikro. Dës Kéier geet et ëm de Comeback vum Cameron Diaz an dem Samuel L. Jackson seng Meenung iwwer d'Stunt-Leit.
Published 06/09/24
Dirty Harry, The Bridges of Madison County, Space Cowboys, Million Dollar Baby, Gran Torino an an an. E ganz groussen aus der Dramfabrick Hollywood kritt muer 94 Joer. De Pit Biwer gratuléiert dem Clint Eastwood.
Published 05/30/24
Déi wéinegst Hollywood-Acteuren sinn an deen Job era gebuer. Vill vun hinnen hate virun hirer Karriär als Schauspiller eng normal Aarbecht. Den Tom Hanks huet zum Beispill Nëss am Baseball-Stadion verkaf. Op hien dat gutt gemaach huet, huet hien dem Pit Biwer verroden. Ma och aner Acteuren hate vill Méi, sech iwwer Waasser ze halen.
Published 05/23/24
De Pit Biwer mat deem Neisten aus der kalifornescher Dramfabrick
Published 05/19/24
Star Wars an Indiana Jones: fir dës Franchisen ass den George Lucas bekannt. Virgëschter huet de Realisateur säin 80. Gebuertsdag gefeiert. Den Hollywood-Reporter Pit Biwer hat de ganz engagéierte Filmkënschtler um RTL Mikro.
Published 05/16/24
De Pit Biwer mat deem Neisten aus der kalifornescher Dramfabrick
Published 05/12/24
Datt Succès net vum selwe kënnt, weess een och zu Hollywood. Sou war zum Beispill d'Julia Roberts net vun Ufank u virun der Kamera gesat. Ma och Schauspiller déi sech als Regisseur, an ëmgedréint, probéieren, wëssen datt dat mam Erfolleg alles relativ op ass. E puer Beispiller mam Pit Biwer.
Published 05/09/24
De Pit Biwer mat deem Neisten aus der kalifornescher Dramfabrick
Published 05/05/24
De Pit Biwer huet sech dem Matthew McConaughey säin Afterschool-Programm fir Schüler- an d'"Inner-City Games-Foundation" vum Arnold Schwarzenegger méi am Detail ugekuckt. Wat de But vun dësen Associatiounen ass, dat hunn déi respektiv Acteuren dem RTL-Hollywood Reporter héchstperséinlech verroden.
Published 05/02/24
Si zielt zu weltwäit erfollegräichste Sängerinnen. De 24. Abrëll huet se hiren 82. Gebuertsdag gefeiert. De Pit Biwer huet gratuléiert.
Published 04/25/24
De Pit Biwer mat deem Neisten aus der kalifornescher Dramfabrick
Published 04/21/24
De Pit Biwer hat d'Melissa Etheridge virum Mikro!
Published 04/18/24
En ausgewiesselten Regisseur, e Robert Downey Jr. dee seng Rolle méi genee ënnert Lupp hëlt, en neie Sherlock Holmes an en Jude Law dee vun L.A schwäermt. De Pit Biwer mat de leschte Neiegkeeten aus Hollywood
Published 04/11/24
De Pit Biwer mat deem Neisten aus der kalifornescher Dramfabrick
Published 04/07/24
De Pit Biwer mat deem Neisten aus der kalifornescher Dramfabrick
Published 03/31/24
De Francis Ford Copolla huet säi neiste Film selwer Finanzéiert well kee Studio sech wollt drunhänken. De finanzielle Risiko soll zur Gréisster Première vum Joer ginn. De Film Megalopolis soll um Enn vum Joer an d'Kinoe kommen. De Pit Biwer iwwer e Regisseur a Produzent, dee scho 40 Joer en Dram huet.
Published 03/28/24
Oppenheimer huet bei den Oscaren ofgeraumt. Elo kéint ee mengen dass dëse Film e gewëssene Status kritt. Ma do sinn anerer vir, a fir dass e Film iwwerhaapt esou e Status kritt, ass vu vill Krittären ofhängeg, wéi de Pit Biwer weess.
Published 03/14/24
And the Oscar goes to ...
Published 03/10/24
Wat stiichten den Daniel Day Lewis, d'Cameron Diaz an de Jim Carrey dann den Ament? Deen een näischt, d'Cameron ass geschwënn op Netflix ze gesinn an deen anere spillt erëm an enger Videospill-Verfilmung mat. Den Detail huet de Pit Biwer, dowéinst schalte mir elo op Hollywood.
Published 03/07/24
De Pit Biwer mat deem Neisten aus der kalifornescher Dramfabrick
Published 03/03/24
An der Dramfabrick Hollywood ginn dës Woch Präisser verdeelt, d'Meg Ryan huet e Comeback gemaach an et ginn Neiegkeete ronderëm en neie Beetlejuice-Film.
Published 02/22/24
Nach keen Oscar oder soss e Präis an der Filmwelt gewonnen? An awer immens vill Succès? De Pit Biwer mat der Lëscht vun den Acteuren an Actricen, déi bis elo eidel ausgaange sinn.
Published 02/18/24
Et gëtt net vill Acteuren déi a verschiddene Genre ënnerwee sinn an esouwuel Komedie wéi och Action oder Drama spille kënnen. De Pit Biwer huet ee konkret Beispill: De Keanu Reeves
Published 02/15/24