100 Gemengen a 24 Stonnen
Listen now
Description
Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d’Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d’Land de Gemenge-Quiz. Weisen op ale Kadaster-Pläng wéi d’Gemengegrenze virun iwwer 200 Joer festgeluecht goufen. A wéi de «Blob» kéint hëllefen den ëffentlechen Transport ze optimiséieren.
More Episodes
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet...
Published 10/30/24
Published 10/30/24
Wat een haut maache muss, datt et muer net zum Blackout kënnt. Zu Lëtzebuerg soll an Zukunft nach méi Wandenergie produzéiert ginn. Wéi vill Anlage mussen duerfir opgeriicht ginn? A wéi kënnen intelligent Kamera dobäi hëllefen, dass duerch Wandrieder keng Déieren zu Schued kommen. Zu Kielen...
Published 10/20/24