Episodes
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng.
D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.
Published 10/30/24
Wat een haut maache muss, datt et muer net zum Blackout kënnt.
Zu Lëtzebuerg soll an Zukunft nach méi Wandenergie produzéiert ginn. Wéi vill Anlage mussen duerfir opgeriicht ginn? A wéi kënnen intelligent Kamera dobäi hëllefen, dass duerch Wandrieder keng Déieren zu Schued kommen. Zu Kielen steet den éischten Agri Photovoltaik Park zu Lëtzebuerg. E kombinéiert Solarstroumproduktioun a Landwirtschaft. Ëmmer méi Elektroautoe brauchen ëmmer méi Stroum. Wéi d’Netz dat packe soll an och...
Published 10/20/24
An engem Dag iwwer 50.000 Träppleke goen.
Den neie Pisa Summer-Challenge ass extrem. Eng Aventure an den héchsten Trapenhaiser zu Lëtzebuerg. Héichuewen, Waassertuerm, Funicualaire an Héichhaus. Mat dobäi e Mann, dee scho puer Trapelafcoursse gewonnen huet. An e Sportwëssenschaftler mat enger Trainingstrap an engem speziellen Trainingsraum. Bal wéi um Mount Everest.
Published 09/30/24
Drénkwasser vun der Musel, verstoppte Plazen op de Staustufen a firwat e schéine Waasserfall am Mëllerdall verschwanne soll.
D’Musel ass eng vun de wichtegste Waasserstroossen an Europa. Am Pisa de Réckbléck op déi feierlech Aweiung viru 60 Joer. A mir ginn op eng Plaz an der Staustuf vu Stadbriedemes déi normalerweis mat Waasser gefëllt ass. Sech Meter ënnert der Musel. Da goufen et fréier och Pläng fir e Kanal tëscht der Musel an dem Minett an an Zukunft kéint Muselwaasser zu...
Published 07/07/24
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 07/06/24
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng.
D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop.
Published 06/09/24
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 06/08/24
Komm mir schwätzen driwwer
Eise Kierper, eis Sexualitéit. Eng Sexualpedagogin wëll nieft Kanner och mat Erwuessenen Tabue briechen. D’Linguistin erkläert wou verschidden Ausdréck fir d’Geschlechtsdeeler hierkommen an ob Männer hei wierklech besser ewech kommen. Wat weess d’Wëssenschaft iwwert den Orgasmus. A firwat Pornographie sech net just op Kanner a Jugendlecher negativ auswierke kann.
Published 05/19/24
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 05/18/24
Puer vun de bis elo beschte Momenter an d’Fuerschung hannendrun.
No 10 Episoden Take Off kucke mir am Pisa zréck op déi bescht Momenter aus der Science Challenge Show. Kniwweleg wëssenschaftlech Challengen. Spannend bis déi lescht Sekonn.
Wéi hunn d’Kandidaten d’Show erlieft? Wéi eng Fuerschung stécht hannert den Challengen? A firwat ass Take Off fir Linguisten esou interessant.
Published 04/07/24
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 04/06/24
Déi bescht Momenter aus den éischten Episoden an d’Fuerschung hannendrun.
D’Emily, d’Sonia an den Amin un Take Off scho misse verloossen. D’Chiara, den Alex an d’Polina sinn nach ëmmer dobäi. Wéi hunn des sechs Kandidaten d’Science Challenge Show bis elo erlieft? Wat huet si am meeschte begeeschtert? Wat waren déi gréissten Erausfuerderung? A mir gesi wéi eng Fuerschung hannert den Challenge vun der éischter Science Challenge Show stécht.
Published 02/11/24
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 02/10/24
Wat schwätzt duerfir, wat dogéint?
Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat ee bei dësem Projet och kéint Lithium fannen. An op Elektroautoe wierklech méi ëmweltfrëndlech si wéi Verbrenner.
Published 12/03/23
Eng jonk Studentin verzicht fir en Experiment dräi Deeg op hire Smartphone. Wat léist dat an engem aus?
Firwat gräife vill Leit dacks reflexaarteg nom Handy? A wouru mierkt een dass ee vläicht handysüchteg ass? Am Lycée Ermesinde zu Miersch hunn se den Handy ganz verbueden? Firwat déi Decisioun a wéi kënnt se bei de Schüler un? A Fuerscher um LIST schaffen um Smartphone vun der Zukunft, mat engem Touchscreen, deen een net upake muss.
Published 11/05/23
D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg
Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër...
Published 10/29/23
Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg
Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d’Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d’Land de Gemenge-Quiz. Weisen op ale Kadaster-Pläng wéi d’Gemengegrenze virun iwwer 200 Joer festgeluecht goufen. A wéi de «Blob» kéint hëllefen den...
Published 10/01/23
Déi spannend Geschicht vun eiser Constitutioun
1848 erkämpfen d’Lëtzebuerger sech hir éischt liberal Verfassung. Ween a wat huet virun 175 Joer dozou gefouert, dass Lëtzebuerg säin éischt Grondgesetz krut. Wat ännert sech mat der neier Verfassung, déi elo a Kraaft trëtt. A firwat huet esou laang missen doru geschafft ginn.
Published 07/02/23
Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer.
De Stauséi ass dee gréissten Drénkwaasserreserv zu Lëtzebuerg. D’Réihwaasser gëtt elo an engem neie Waasserwierk propper gemaach. Wéi eng modern Technik gouf hei zu Eschduerf installéiert. A wéi kréien se d’Waasser mam neie Pompelwierk aus dem Dall op de Bierg erop. Grouss Efforten dass mer och an Zukunft genuch Krunnewaasser hunn. Mir gesinn wéi d’Krunnewaasser mat enger intelligenter Steierung am Land verdeelt gëtt. A maachen eis op eng...
Published 06/04/23
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 06/03/23
Firwat mir am Auto fluchen a wéi relax mer an Zukunft wäerte fueren.
Ëmmer méi Autoen. Permanent Chantieren. An deen éiwege Stopp and Go. Dat ass dach guer net schlëmm. An Zukunft wäerte mir nämlech net méi selwer fueren. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Fuerschung un autonomen Autoen. Wat déi haut scho kënnen a wou nach Challenge sinn. Mir erklären firwat mer hannert dem Steier gär mol extrem fluchen. Gesinn wéi eisen Autobunns-Reseau iwwert déi lescht Joerzéngte gewuess ass. An de Mister...
Published 05/07/23
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 05/06/23
Wou KI eis schueden, awer och nëtze kann
Den Tom Cruise an der RTL Reunioun. En Deep Fake. Méiglech duerch kënschtlech Intelligenz. Eng Identitéit fälschen kann awer och geféierlech sinn. Fuerscher op uni.lu entwéckelen e Programm mat deem een esou Fälschungen enttarne kann. Am Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet wëllen se mat KI Krankheeten besser diagnostizéieren. A mir kucken wéi ee mat ChatGPT op der Aarbecht Zäit spuert. D’Intelligenz vum Chatbot engem awer och Angscht maache kann....
Published 04/16/23
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 04/15/23