Episodes
D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër...
Published 03/12/23
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 03/11/23
Wéi Plastik eist Liewe vereinfacht huet a gläichzäiteg eng Gefor ka sinn E Liewen ouni Plastik, onvirstellbar. Mir hunn eng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt wou een erliewe kann wéi den Alldag fréier war, ganz ouni Plastik. Erzielen d’Geschicht vun dësem Wonnerstoff. Léiere Fuerscher kennen déi Plastik méi ëmweltfrëndlech maachen. Analyséieren Spillsaachen a Fueskostümer op geféierlech Substanzen. An erkläre wou de Mikroplastik hir kënnt an op en da lo geféierlech fir de Mënsch ass oder net.
Published 02/05/23
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 02/04/23
Firwat mir al ginn a wat een dogéint maache kann Experiment Alter. Wa Gewiichter un Äerm a Been, enk Bandagen un de Gelenker an e spezielle Helm een al maachen. Mat engem Altersimulatiounskostüm kann ee spiere wéi d’Liewen ass mat Ufank 80. Mir gesinn wéi Computerspiller eelere Leit kënnen hëllefe manner séier ze falen. A wéi ee säi Kierper a Gehier duerch Sport an aner Aktivitéite laang fit kann halen.
Published 01/15/23
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 01/14/23
Solarstroum-Fuerschung zu Lëtzebuerg a wéi een Energie spuere kann Mir maachen eis op d’Sich no den Apparater déi am meeschte Stroum verbrauchen. De Schäffchen, d’Chrëschtbeliichtung oder awer d’Tëlee? Wéi kann ee bei sech Doheem Stroum spueren. Kann een eng Solaranlag och einfach an d’Steckdous stiechen an de Stroum direkt benotzen? Mir hunn um Daach vun engem Haus Solarzelle gesinn, déi een op den éischte Bléck guer net gesäit. A Fuerscher op der uni.lu entwéckele d’Solarzelle vun der...
Published 11/27/22
Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg Se sinn knapp dräi Meter héich an et gëtt se just laanscht zwou Grenzen op der Welt. Op engem groussen Deel vun der belsch-lëtzebuerger Grenz goufe gosse Grenzmaarken opgestallt. Am neie Pisa Summerchallenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science déi ganz Grenz befueren an op mannst 100 vun den imposante Maarke fannen. De Gros dovun steet awer net laanscht Weeër, mee matten am Bësch oder a geféierlechen Häng. Wéini...
Published 10/02/22

Published 09/25/22
Op Entdeckungsrees an de Kasematten an den ale Schifergrouwen Mir entdecken déi riseg ënnerierdesch Welt vun de Schifergrouwen zu Uewermaartel a gesinn am Büro vum fréiere Chef wat haut nach iwwert dem Buedem un déi al Zäiten erënnert. An um Kierchbierg kënnt een ënnert d’Schinne vum Tram. An en Deel vun de Kasematten an deem ee keng regulär Visitte ka maachen.
Published 07/17/22
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 07/16/22
Naturschutzgebidder als Hotspot fir méi Biodiversitéit a wat ee selwer fir Insekte maache kann De Giele Botter zu Déifferdeng. An d’Schlammwiss zu Iwwersiren. Zwou Plazen. Een Zil. Liewensraum schaffe fir rar Déieren a Planzen. Mir begleede och Fuerscher déi Insekten zielen. Si wëllen erausfannen op et der méi oder manner ginn. An op mer et wierklech mat engem groussen Insektestierwen ze dinn hunn.
Published 06/26/22
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 06/25/22
Déi faszinant Welt ënnert eise Féiss Eng Ekipp vun der Akerbauverwaltung ass op der Sich no deene gudde landwirtschaftleche Biedem hei am Land. Grouss a kleng Organismen maachen de Buedem lieweg. A kënnen esouguer e Kalzong zersetzen. Firwat ass e liewege Buedem esou wäertvoll. E Bauer weist eis säin Trakter, dee d’Bäikraider kameragesteiert eraus kappt. An et gi Planzen déi kënnen Närstoffer aus de Loft an de Buedem bréngen.
Published 05/29/22
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 05/28/22
Wat ass Kreeslafwirtschaft a wéi funktionéiert se Schong déi ee kann auserneen huelen a reparéieren. En urale Parquet dee gefléckt gëtt an en zweet Liewe kritt. An e Parkhaus dat ee kann of- an nees opbauen. Dat ass Kreeslafwirtschaft. Am Pisa erkläre mir wéi deen neie Wirtschaftsmodell genee funktionéiert a firwat en ëmmer méi wichteg gëtt
Published 04/24/22
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 04/23/22
D’Pompelspäicherkraaftwierk zu Veinen ass eent vun de gréissten an Europa. Am Pisa weise mir wéi se hei Spëtzestroum produzéieren a kucken zréck op de leschte groussen Ausbau vun dëser Anlag. Mir gesinn wéi de Stroum an eis Steckdous kënnt. Wéi de Sprit dee mer aktuell esou deier musse bezuelen, produzéiert gëtt. A wéi déi al Gaswierker funktionéiert hunn, mat deene mer fréier de Stadgas hei am Land selwer produzéiert hunn.
Published 03/20/22
Wéi d’Energie an d’Land kënnt a wat mer selwer produzéieren D’Pompelspäicherkraaftwierk zu Veinen ass eent vun de gréissten an Europa. Am Pisa weise mir wéi se hei Spëtzestroum produzéieren a kucken zréck op de leschte groussen Ausbau vun dëser Anlag. Mir gesinn wéi de Stroum an eis Steckdous kënnt. Wéi de Sprit dee mer aktuell esou deier musse bezuelen, produzéiert gëtt. A wéi déi al Gaswierker funktionéiert hunn, mat deene mer fréier de Stadgas hei am Land selwer produzéiert hunn.
Published 03/20/22
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 03/19/22
Wat geschitt mat de Saache déi mir ewech geheien Wou gëtt den Offall deponéiert. Wat gëtt verbrannt. A wéi vill bleift nom Feier iwwereg. Mir gesinn wat beim Recylcling vu Verpakungen, Pabeier, Glas oder Holz geschitt. A begleede Fuerscher déi eng wäertvoll Substanz aus dem Biooffall Kaffisaz wëllen eraushuelen. Rescht-Offall, Bio-Offall a Recycling. De Wee vun eisem Offall.
Published 02/27/22
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 02/26/22
Eng riseg Streesalzmine a Frankräich, Spuere dovun zu Munneref an wat Kachsalz besonnesch mécht. 160 Meter ënnert dem Buedem. Am Pisa huele mer Iech mat an déi leschte Streesalzmine a ganz Frankräich. 300 Kilometer Galerien a se gi mat all Dag méi déif an de Buedem eran. Mir weise wéi si d’Salz mat risege Maschinnen aus dem Buedem huelen. A firwat een dat Streesalz och bei eis am Land gesicht huet. Am Labo vu Ponts-et-Chaussées zu Bartreng kontrolléiere se d’Qualitéit vum Streesalz. An de...
Published 01/30/22
Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.
Published 01/29/22
Wéi mir ënner Keelt leiden an si eis och gutt doe kann. Am Short an T-Shirt op der Äispist. Mir testen wéi séier eise Kierper ofkillt a mat wéi engen Tricken en sech géint d’Keelt schützt. De Mister Science geet all Dag äiskal duschen, well dat säin Immunsystem stäerke soll. A mir waren am waarme Summer op d’Kockelscheier kucken wéi si d’Äispiste opbauen. Wéi d’Linnen an d’Äis kommen a firwat d’Äis wäiss an net duerchsiichteg ass.
Published 11/14/21