Sech am INLL umellen
Listen now
Description
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An dësem Episod erkläre mir iech, wéi dir iech an engem Cours am INLL umelle kënnt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Fir déi Persounen, déi d’lescht Semester schonn e Cours am INLL gemaach hunn, fänken d’Aschreiwungen schonn den 10. September un. Dës Persounen hunn also schonn e MyINL Konto a kënne sech via hire Konto aschreiwen.  Fir déi Persounen, déi nach kee Cours am INLL gemaach hunn, fänken d’Aschreiwungen den 11. September un. Dir musst Iech also fir d’éischt e MyINL Konto maachen. Fir dat ze maachen, musst Dir op de Site www.inll.lu goen, da klickt Dir uewe riets op MyINL, da klickt Dir op “Je me connecte” oder “I am intreseted”, da klickt Dir uewe riets op “Se connecter/S’enregistrer” a schlussendlech klickt Dir op “Créer votre compte MyINL”.   Fir Iech anzeschreiwen, braucht Dir e valabelen Niveau Recommandé. Liest wgl. d’Instruktiounen ënnert "Mes niveaux" a maacht den online Pre-Test. Fir Chineesesch a Russesch gëtt et kee Pre-Test. Falls Dir e komplette Ufänger sidd, kënnt Dir Iech direkt den 11. September fir en Niveau A1 umellen.  Fir all aneren Niveau musst Dir Iech e Rendez-vous fir eis Orientéierungsdeeg huelen, ënnert der Rubrik "Mes niveaux". D’Orientéierungsdeeg sinn den 16. an de 17. September.   Soubal Dir e valabelen Niveau Recommandé hutt:   Mellt Iech op Ärem MyINL Kont un.  2. Kuckt d’Offer vun de Coursë fir déi gewielte Sprooch. Déi gëtt a grénger Faarf ugewisen an orientéiert sech un Ärem recommandéierten Niveau.  3. Wielt d’Format, den Horaire an de Site, dee bei Iech passt.  4. Klickt dann op "S'inscrire".    Mir hoffen, mir konnten Iech heimat e bëssen hëllefen oder op d’mannst Iech drun erënneren, dass d’Aschreiwungen d’nächst Woch ufänken. 
More Episodes
Published 09/26/24
Published 09/18/24