Faarf bekenne bei der Nohaltegkeet
Listen now
Description
Als Verbraucher ass ee frou, wann ee bei sengen Investitioune geschützt gëtt an alles transparent ofleeft. Dofir suergt d’Direktiv ronderëm d’Marchéë fir Finanzinstrumenter, kuerz MiFID II genannt. Ab August 2022 muss e Client vum Beroder oder Portfoliomanager och no senge Präferenzen a punkto ESG, also Nohaltegkeet, gefrot ginn, fir säi Profil ze completéieren. Wat bréngen déi zousätzlech Date konkret a wat huet de Verbraucher wierklech dovun?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Emmanuelle Mousel ass Partner an der Affekotenétude Arendt & Medernach, këmmert sech ganz vill ëm regulatoresch Thematiken a befaasst sech och mat ESG. De Charles Muller huet säi ganzt Liewe laang an der Lëtzebuerger Finanzwelt geschafft, ass Avocat honoraire a President vun der ASBL „Finance and Human Rights“ déi versicht, de Finanzsecteur fir Mënscherechter z’interesséieren. D’Laura Schoumacher ass bei der Spuerkeess Responsabel fir d’Equipe Investment beim Product Management, an ë.a. zoustänneg fir de Produit MiFID II/ESG.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.
More Episodes
Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Success Stories bei de Startups. Starten ass déi eng Saach, sech weiderentwéckelen eng aner. Wou fënnt een de Finanzement, fir kënnen ze wuessen? Ass de Lëtzebuerger Ekosystem op der Héicht, fir potenzielle Grënner e fruchtbare Buedem fir hir Entreprise ze...
Published 05/31/24
Published 05/31/24
D'Boursen als Handelsplaze gëtt et schonn zanter Joerhonnerten. D'Pabeiere ginn hautdesdaags awer net nëmmen anescht echangéiert, mee och d'Roll vun der klassescher Bourse huet evoluéiert. Wéi kann sech d'Lëtzebuerger Bourse am internationale Verglach nach demarkéieren, wéi eng Tendenze wäerten...
Published 04/26/24