Episodes
Déi sougenannten Distributed-Ledger-Technologie gëtt vu ville Leit als revolutionäre Schrëtt an eng nei Ära gesinn. An am Hibléck op Web3 a Co. sinn d’Verwendungszwecker vun der Blockchain effektiv onendlech. Et gëtt ëmmer méi spannend Entwécklungen, déi de prakteschen Notze vun esou enger dezentraliséierter, fälschungssécherer Datebank ënner Beweis stellen.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Jean-Paul Scheuren ass schonn 20 Joer laang am Immobiliesecteur täteg...
Published 05/26/22
Jidderee schwätzt vu Private Equity, mee déi mannst wëssen, wat dat ass. Dobäi geet et ëm en essentiellen Deel vun der Finanzwelt, a besonnesch fir kleng a mëttel Entreprisen ass PE wichteg, fir dat laangfristegt Iwwerliewen ze sécheren. Et geet ëm Know How, Nohaltegkeet an d'Aarbechtsplaze vu muer.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Stéphane Pesch representéiert als CEO vun der Luxembourg Private Equity & Venture Capital Association déi ganz Communautéit...
Published 04/28/22
D'Pandemie huet den Opschwong vu Crypto-Geld befligelt. Mee nach ëmmer gëtt et vill Skepsis géintiwwer dësen Assets ouni physesch Substanz. Geet et hei ëm sënnlos Spekulatioun, wéi d'Kritiker behaapten, oder huet Crypto eng Zukunft am Mainstream?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nadia Manzari ass Associée bei Schiltz & Schiltz an ass zoustänneg fir Finanzrecht a Finanztechnologien. De Christof Torres ass Doktorand op der Uni Lëtzebuerg an der TU München,...
Published 03/24/22
D’Digitalisatioun ass e grousst Thema, mee et geet hei ëm méi wéi 1ten an 0en. Dat traditionellt Bankwiesen muss sech engem Public upassen, deen Interaktivitéit gewinnt ass a bürokrateschen Opwand scheit, ouni awer déi Clienten ze vergiessen, déi sech méi schwéier mam Changement dinn.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Christophe Medinger vun der Spuerkeess schafft am Service Digitalisatioun an huet Dag fir Dag mat Projeten an dësem Beräich ze dinn. De Raoul...
Published 02/25/22
Geld huet en Impakt. Dees ass ee sech an der Banken- a Finanzwelt mëttlerweil bewosst. Mee wéi beaflosst d’Thema Nohaltegkeet dës Beräicher an Zukunft? Wéi evitéiert ee Greenwashing a belount déi, di sech wierklech dru ginn? A wou kënnt déi sozial Verantwortung mat an d’Spill? Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat dräi Invitéë vum Scientific Advisory Board vun der Spuerkeess. D'Nathalie Roth vu 4Climate ass schonn 20 Joer laang aktiv am Beräich Ëmwelt a Finanzen, d'Jenny de Nijs ass am...
Published 01/27/22